D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d’Spill géif setzen. D’lescht Joer wieren 204 Persounen aus dem Spenderegëster ugeruff ginn, well et e Match ginn hätt mat engem Leukemie-Patient. Dovu wier all Drëtte guer net ze erreeche gewiescht a ronn 13 Prozent hätten eng Spend refuséiert, gëtt d’Sekretärin vun der Associatioun Pia Gorza un. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?