Zu Biereng bei Miersch luet d’Maislabyrinth vun der Landjugend Zenter grouss a kleng Visiteuren aktuell op eng ganz besonnesch Experienz an. Bei dësem flotten Ausfluch muss een de Wee aus dem Maislabyrinth fannen an dobäi versichen, sechs Stempelofdréck ze sammelen. De Sven Vosman vun der Landjugend Zenter erzielt, wéi d'Maislabyrinth entstan ass - an erkläert, firwat dëst Joer wuel schonn éischter Schluss wäert sinn, wéi ee sech dat erhofft hätt.