Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Startschoss fir d'Spargelsaison
    Um Haff Sonnebierg zu Hënsdrëf ginn zanter enger Woch d'Spargele gestach - gëtt et eng gutt Récolte a wéi weess een eigentlech, datt de Spargel zeideg ass? D'Paule Rodesch ass op der Plaz a stellt ënnert anerem déi Froen dem Bauer Yves Hoffmann.
    0 min
  • Ombudsman fuerdert "droit à l'erreur" bei administrativen Demarchen
    Haut kann et schlëmm Konsequenzen hunn, wann ee beim Ausfëlle vun engem Formulaire e Feeler mécht. Finanziell Hëllefe gi refuséiert, oder e Permis net ausgestallt. D'Claudine Konsbruck fuerdert méi Flexibilitéit bei staatleche Verwaltungen, um Beispill vum Droit à l'erreur, wéi et e schonn a Frankräich oder an der Belsch gëtt.
    0 min
  • PFAS Kontaminatioun an de franséischen Ardennen
    PFAS, dat ass eng Grupp vu Chemikalien, déi een zwar an Alldagsgéigestänn fënnt, déi awer och potentiell kriibserreegend sinn an och aner gesondheetlech Problemer kënne verursaachen. An de franséischen Ardenne sinn dës sougenannt Eiwegkeetschemikalien a ville Gemengen am Drénkwaasser an am Buedem. Elo hu sechs Gemengen aus der Grenzregioun eng Klo agereecht. De Max Tholl mam Detail.
    4 min
  • D'Lëtzebuerger Cremante sinn op d'Prouf gestallt ginn
    Wann et eppes ze feiere gëtt, da gehéiert et zu Lëtzebuerg zum gudden Toun fir dorop unzestoussen. Dacks fält de Choix vum Gedrénks dobäi op de Cremant. Mee wat mécht iwwerhaapt e gudde Cremant aus? Wourop kënnt et un, fir e Gudde vun engem richteg Gudden ze Ënnerscheeden? Ënner anerem dorëms goung et beim Concours vu franséischen a Lëtzebuerger Cremanten, deen de leschte Freideg zu Munneref war. Hei goufen och Medaillle fir d’Cremante verdeelt.
    5 min
  • Schoulfoire an der Luxexpo
    Véier Deeg laang kënne Kanner, Jugendlecher an hir Eltere sech informéieren, wat d'Lycéeën an d'Beruffsausbildung ze bidden hunn. D'Paule Rodesch mellt sech live vun der Foire an de Studio an diskutéiert mat der Première conseillère de gouvernement Martine Molitor iwwer d'Wichtegkeet vun esou Veranstaltungen.
    9 min
  • EU-Defense-Kommissär: Ukrain kéint Deel vun EU-Arméi sinn
    D’Ukrain sollt integral an den europäesche Verteidegungssystem integréiert ginn. Dat hat déi lescht Woch den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gefuerdert.
    Net géint déi Iddi weist sech elo den EU-Kommissär fir d’Verteidegung.
    D’Europäesch Unioun misst ee System op d’Bee setzen, deen iwwer just d’Länner vun der Unioun erausgeet. An d’Ukrain hätt duerch hir Experienz mam Krich an der Waffeproduktioun Kapazitéiten, déi d’EU net huet, seet den Andrius Kubilius op eis Nofro. De Litauer schléisst net aus, datt d’Ukrain och kéint Deel vun enger europäescher Arméi ginn.
    Den EU-Kommissär fir d’Defense stoung Journalisten a Journalistinne vum Radios-Reseau Euranet Plus, an deem den 100,7 Member ass, Ried an Äntwert. D’Danièle Weber war beim Interview derbäi a mécht de Resumé vum Gespréich.
    7 min
  • Doku-Podcast: Manner Ranner fir eng gesond Uelzecht?
    Zënter den 1960er huet d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg sech op Mëllech- a Fleeschproduktioun spezialiséiert. Elo ginn et am Land eng 180.000 Ranner. Mam Resultat, datt enorm Quantitéite Gülle als Dünger op de Felder landen. An ze vill Dünger dréit dozou bäi, datt Flëss a Baachen erstécken. Muss de Véibestand reduzéiert ginn?
    An der drëtter Episod vun eiser neier Doku-Serie geet et ëm de Konflikt tëschent Landwirtschaft a Gewässerschutz. D'Pia Oppel aus der Zeenewiessel-Ekipp verréit, wat Iech hei erwaart.
    5 min
  • Etüd vum Liser: Alimenter si kruzial fir der Aarmut ze entkommen
    De Gros vun de Familles monoparentales - nämlech ganzer Zweedrëttel - bezitt keng Pension alimentaire, obwuel se e Recht drop hätt. Dobäi ass dëse finanzielle Support fir vill Famillen immens wichteg, fir net an d'Aarmut ze falen. Zu Lëtzebuerg lieft bal all véiert Kand ënner der Aarmutsgrenz - een am europäesche Verglach immens héijen Taux. Besonnesch betraff si Familles monoparentales, also Famillen, an deene sech just een Elterendeel ëm d’Kand këmmert. D’Pension alimentaire - also d’Alimenter - wieren an dëse Fäll dacks en immens wichtegt Element, fir der Aarmut ze entkommen, wéi d’Fuerscherin Anne-Catherine Guio vum Liser an enger neier Etüd constatéiert.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag