Fir d’ONGe war d’Joer 2024 net evident, well se gefaart hu wéinst der Caritas-Affär géif d’Vertrauen an de ganze Secteur geschwächt ginn. Déi Suerg hat och d’ONG Médecins du Monde, déi sech fir déi Patienten a Patientinnen asetzt, déi keng Krankekeess hunn an domat keen Accès zum Gesondheetssystem.
D’ONG war zousätzlech gefuerdert, well zwee Direktiounsmemberen d’Associatioun zejoert verlooss hunn an d’Gouvernance ëffentlech thematiséiert gouf.
De President Bernard Thill, deen Enn des Joers d'Presidence un de Psychiater Marc Graas ofgëtt, schwätzt am 100,7-Interview wéinst den Departe vun den zwee Direktiounsmembere vun enger “schwéierer Zäit”. Trotzdeem kuckt de President vum Verwaltungsrot aus e puer Grënn positiv op d’Joer 2024 zeréck.