Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Kapverdianesch Migratioun op Lëtzebuerg

    An enger éischter Publikatioun huet deen neie Léierstull fir Geschicht a Migratiounen op der uni.lu sech mat der kapverdianescher Presenz hei am Land befaasst. Explikatioune vum Denis Scuto aus dem C2DH.

    10 min
  • Ëmweltminister Wilmes: Den Dram vun enger propperer Uelzecht
    Ass d'Uelzecht nach ze retten? Ëm déi Fro geet et an eiser neier Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. An och dem Ëmweltminister Serge Wilmes hu mir d'Fro gestallt. Ëmmerhi gehéiert et zu senge Responsabilitéite fir d'Gewässer zu Lëtzebuerg an ee besseren Zoustand ze bréngen. Wann et him no geet, sollt een iergendwann och nees an der Uelzecht kënne schwammen. Ee Reportage vum Pia Oppel
    6 min
  • 11 nei Lycéeë bis 2050
    Bis 2050 wäerten uechter d’Land 11 nei Lycéeë gebaut ginn - well se dréngend gebraucht ginn. Esou dréngend, datt och net gewaart ka gi bis déi 11 nei Gebaier fäerdeg sinn. Dofir gi gläichzäiteg, a souguer méi kuerzfristeg, 17 Lycéeën, déi scho stinn, ausgebaut, vergréissert. Doriwwer ass d’Chamber gëschter vun den zwee zoustännege Ministeren informéiert ginn.
    10 min
  • Filmtipp: "Ghost Elephants"
    A sengem Documentaire begleet de renomméierte Cineast Werner Herzog d'Sich no enger mythescher Elefantenzort - dem Michel Delage säin aktuelle Kinostipp.
    3 min
  • Gallo-Réimeschen Theater zu Duelem
    Wosst Dir, datt et zu Duelem ee réimeschen Theater aus dem Joer 10 viru Christus gëtt? Wa jo da sidd Dir warscheinlech ënner de puer Raren hei am Land, déi dëse Site kennen. Dovu ginn op alle Fall d’Gemeng Duelem zesumme mam Kulturministère, dem INRA (Institut national de recherches archéologiques ) a weideren Associatiounen aus. Si wëllen de gallo-réimesche Site méi bekannt maachen. Ricciacum, wéi Duelem zur Réimerzäit genannt gouf, war deemools nämlech weit iwwer déi heiteg Grenzen eraus bekannt. D’Sté Bisenius war bei enger Visitt vum archeologesche Site zu Duelem dobäi.
    5 min
  • No Orbán-Out: Ungarn an d'EU sti virun intensiven Debatten
    An der EU gouf e Sonndeg den Owend op ville Plazen opgeotemt: Datt de Viktor Orbán an Ungarn no 16 Joer ofgewielt gouf, gouf zu Bréissel allgemeng ganz positiv opgeholl. Den ungaresche Premier blockéiert zanter Joren ëmmer nees Decisiounen op europäeschem Niveau - elo gëtt erwaart, datt eng méi konstruktiv Approche en vue ass. An Ungarn ass ëmgedréit d’Hoffnung grouss, datt Bréissel déi agefrueren EU-Suen ënner där neier Regierung geschwë fräischalt.
    Wéi séier kann dann elo domat gerechent ginn, datt déi Blockagen op béide Säiten opgehuewe ginn? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
    7 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag