Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Paris-Roubaix: Wat mécht d'Faszinatioun aus?
    E Sonndeg ass et nees esouwäit: Am Cyclissem steet Paris-Roubaix um Programm. Eng Course, déi fir vill Vëlosfans nieft dem Tour de France zu de groussen Highlighte vun der Saison zielt. De Grond, firwat dës Eendagescourse esou bekannt a beléift ass, sinn déi sëllege Pavé-Secteuren, déi de Coureuren an dem Material alles ofverlaangen. Méi Detailer huet de Jo Diseviscourt fir eis.
    4 min
  • Bei den Inflatiounstaux-Previsioune schafft de STATEC mat e puer Zenarien
    Mat der Hausse vun den Energiekäschte geet och de Joresinflatiounstaux erop. De STATEC schafft hei bei senge Previsioune mat verschiddenen Zenarien. Mëttlerweil géif et net méi nëmmen drëm goen, d’Inflatioun virauszesoen. Aufgab vum STATEC wier et och, d’Warscheinlechkeet vun ënnerschiddleche geopoliteschen Zenarie virauszesoen.
    3 min
  • De Formulaire fir d’Steiererklärung 2025 ass elo disponibel
    250 Demandë wieren an den éischten dräi Stonne bei der Steierverwaltung agaangen, esou den Direkter Jean-Paul Olinger am 100,7-Interview. Zënter 2022 kann ee seng Steiererklärung och mat Hëllef vum sougenannten elektroneschen Assistent maachen. Dësen Tool géif all Joer weider ausbaut ginn. Bis Steierjoer 2028 hofft d’Verwaltung op 85 Prozent digital Steiererklärungen ze kommen. E wäite Wee, well den Ament reechen nach ronn 70 Prozent hir Deklaratioun iwwer Pabeier eran.
    4 min
  • Gräife Reesversécherungen och bei Reesen an de Mëttleren Osten?
    Mam Start vun der Ouschtervakanz leschte Weekend hunn och vill Lëtzebuerger nees de Fliger geholl fir a Richtung Sonn ze fléien. Nieft de méi klassesche Reesdestinatioun a Südeuropa sinn déi lescht Joren och Destinatioune wéi d’Tierkei oder déi arabesch Hallefinsel ëmmer méi beléift ginn. Wéinst dem Krich am Mëttleren Oste wäerten awer dëst Joer vill Leit zécke fir op dës Plazen ze fléien. Mee a wéi wäit kann eng Reesversécherung opkommen, wann ee seng Rees ofseet?
    5 min
  • D'Maison Sourrire zu Esch preparéiert vulnerabel Leit op den Aarbechtsmaart
    Zu Esch ass Ufank Februar d’Maison Sourrire opgaangen. Et soll eng Plaz sinn, op där vulnerabel Leit sech kënnen nei Kompetenzen a verschidde Beräicher uneegnen, mam Zil, duerno eng Aarbechtsplaz ze fannen. Et ass déi zweet Struktur an dësem Genre hei am Land, déi éischt fënnt een zu Diddeleng, an hanner dem Projet stécht d’Marie Laurini. D’Paule Rodesch war sech virun e puer Deeg de Betrib an der Maison Sourrire zu Esch ukucken an huet sech mat der Psychologin iwwer de Projet ënnerhalen, déi den Numm "Sourrire" mat zwee "r" iwweregens ganz bewosst gewielt huet.
    13 min
  • Wat kënnt op den Noen Osten duer?
    Dem Donald Trump säin Ultimatum ass an der Nuecht ausgelaf. Wéi geet et elo weider? Mir froen d'Expertin fir den Noen Osten vun der Heinrich-Böll-Stiftung, d’Bente Scheller.
    11 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag