81 Prozent vun de Bierger:innen aus der EU stinn hanner dem europäesche Klimazil dat virschreift, datt d’EU bis 2050 soll klimaneutral ginn. Dat seet eng rezent Ëmfro an der EU. Zu Lëtzebuerg sinn et esou guer 84 Prozent. De Support bei de Leit schéngt also do ze sinn, mee d’Politik deet sech méi schwéier den Ament domat couragéiert Mesuren an der Klimapolitik ze proposéieren. D'EU-Kommissioun wëllt elo een Tëschenzil bis 2040 definéieren. D'Gesetz ass schonn am Virfeld ëmstridden, dat huet sech ënner anerem um EU-Sommet déi lescht Woch gewisen.
Wat proposéiert d’Kommissioun a wéi positionéiert sech Lëtzebuerg, wat nach zejoert een ambitiéist Zil fir 2040 gefrot hat? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber