Nee, et ass keng Fortsetzung vum däitsche Fieschter Peter Wohlleben sengem Bestseller „Das geheime Leben der Bäume.“ Mir ginn haut a Kanada, do wou d‘ Beem anscheinend pësperen. Et geet ëm eng Famillje-Saga, iwwer verschiddenen Generatiounen, deenen hiert Schicksal iwwert ee Joerhonnert onzertrennbar mam Bësch zesummenhänkt. An dësen Erzielungen vun de verschidden Charakteren an de verschiddenen Zäiten steet eppes ëmmer am Virdergrond, d’Léift zu der Natur an der Ëmwelt. D‘Julie Mathes iwwer dem Michael Christie säi Roman „Das Flüstern der Bäume“.