De « Goncourt » ass dee wichtegste franséische Literaturpräis. E bréngt sengem Gewënner zwar nëmmen 10 Euro a bor an, mä och eng gewëssen Unerkennung an eng Oplag, déi an d’Honnertdausende geet mat deenen entspriechende finanzielle Konsequenzen. Gemenkerhand geet de Präis un e Wierk aus enger bestëmmter Kategorie, ob et sech elo ëm en historeschen, e sozialkriteschen oder e psychologesche Roman handelt. Mat « L’Anomalie », deen 2020 ausgezeechent gouf, huet den Hervé le Tellier e Wierk virgeluecht, dat a kee Schema passt, mä vill méi nei Perspektive schaaft. Wat fir eng dat sinn, seet eis elo de Lucien Czuga.