En erfollegräichen Architekt, dee sech eigentlech nëmme bestued huet fir eng Famill ze grënnen, an deen der Meenung ass, seng Fra sollt doheem bleiwen
a sech ëm hiert Kand këmmeren. Eng Fra, déi hiert Kand vun Ufank un net wëllt, et dann awer acceptéiert, sech ëm hatt ze këmmeren an him eng gutt Mamm ze sinn an e Kand, dat et anscheinend drop ugeluecht huet, jiddereen ze quälen, deen him ze no kënnt. Dat sinn d’Protagoniste vum Ashley Audrain hirem éischte Roman, deen de Lieser a psychologesch Déifte kucke léisst, déi hie méi wéi eng Kéier erféieren deet. Lucien Czuga