Normalerweis schreiwen amerikanesch Ex-Presidenten no hirem Départ aus dem Wäissen Haus hir Biographie oder loossen se schreiwen. Dem Bill Clinton ass dat net duergaang, an hien huet sech vrun e puer Joer mam James Patterson, engem vun deene gréissten, loosse mer soen, Buchverkeefer weltwäit, zesummegedoen, fir e Polit-Thriller ze schreiwen.« The President is missing » gouf dunn natierlech, vu d’Prominenz vun deenen zwee Auteuren, e Bestseller.Ob dat elo mat deem zweeten Opus aus deene selwechte Fiederen, « Die Tochter des Präsidenten », de Fall ass, seet eis elo de Lucien Czuga.