De Jean-Michel Frank an d’Eugenia Errazuriz, zwee Nimm, déi engem vläicht net direkt bekannt virkommen. Ma spéitstens nodeems een dëst Buch gelies huet, weess een dass si ee groussen Deel zu der Geschicht a Kultur an enger donkeler Zäit bäigedroe hunn. Dem Jana Revendin säin neie Roman „Flucht nach Patagonien“ erzielt d’Geschicht vun dësen exzeptionelle Personnage, a weist eis eng Perspektiv aus der Zäit vum 2. Weltkrich déi vu Konscht, Nostalgie an Angscht gepräägt ass. D'Julie Mathes huet d'Buch gelies.