Wie kennt en net: de bekannten Dallmayr Kaffi. An och wann een nach ni zu München war, wëssen der vill aus der Reklamm, wéi de renomméierte Buttek fir Delikatessen, wou de Kaffi verkaf gëtt, ausgesäit. Mee wat stécht eigentlech hannert dem Traditiounsgeschäft. Dat neit Buch vum Lisa Graf "Dallmayr - Der Traum vom schönen Leben", erzielt dës Familljegeschicht. D'Tiffany Saska huet et gelies.