De schotteschen Auteur Ian Rankin ass virun allem bekannt duerch seng Kriminalromaner, déi dem Genre Tartan Noire ugehéieren. Domadder sinn déi Bicher gemengt, déi sech a Schottland ofspillen a vun enger Aart Anti-Held als Protagonist liewen. Fir säin neie Roman, huet hien dofir och säi bekanntsten Haaptcharakter aus der Pensioun gekroomt, de John Rebus. Des Kéier fir ee ganz private Fall, deen e viru ganz nei Erausfuerderunge stellt.