Mat sougenannte « feelgood »-Bicher wéi « Mieses Karma », « Jesus liebt mich » oder « Muh » ass den David Safier bekannt ginn. Hei gerode ganz gewéinlech Mënschen a witzeg bis absurd Situatiounen mat um Enn ëmmer engem Happyend. Op dëser Schinn fiert och « Aufgetaut », dem Safier säin neit Buch, an deem et ëm eng Fra aus der Steenzäit geet, déi 33.000 Joer an engem Äisblock agefruer wor an elo opgedeet gëtt. Wou dëst Experiment hi féiert verréit eis elo de Lucien Czuga.