Déi schnéiwäiss Kräidfielse vun der däitscher Insel Rügen si weltberüümt. A genee esou wäiss ass och d’Fassad vum « Grand Hotel », där beschter Adress zu Binz, der inoffizieller Haaptstad vun der Insel. Mä hannert der schéiner Fassad verstoppt sech wéi sou dacks en däischtert Geheimnis, ëm dat et am éischte Band vun der Familljesaga « Das Grand Hotel » mam Titel « Die nach den Sternen greifen » geet.