Gilles, de Spëtzematch vum Weekend ass méi kloer ausgaangen wéi erwaart
Jo d’Red-Boys hunn dess Saison jo nach kee Match verluer an och géint Esch haaten sie keng Problemer sech ze behaapten.
Esch ass et net gewinnt esou heich ze verléieren, den Escher President Marc Fancelli
CUT Fancelli
Ma dann analyséieren mer emol. An der Paus waren déi Déifferdénger schonns 3 Goaler vir, mee noom Säitewiessel huet den Max Kohl an seng Equipe awer versicht opzehuelen.
Dat ass awer net esou richteg gelongen , virun allem och wéinst der gudder Performance vum Déifferdenger Goalkeeper an enger propperer Verteidegung, Dan Scheid
Cut Scheid 49‘
9 vun 9 Matcher huet d’Red Boys also elo gewonnen, dat suergt natierlech fir gutt Stëmmung. An der Equipe, mee och bei den Supporter.
Den Aldin Zekan an den Yann Hoffmann
Cut Hoffmann Zekan
Zu Déifferdeng gëtt also gefeiert, awer och zu Diddeleng hunn se Spaass.
Jo, nächste Weekend organiséiert den HB Diddeleng schonns déi 17. Editioun vum 24-Stonnen Handball, anzwar an der fuschneier André Hartmann Hal zu Diddeleng.
E Samschden um 2 Auer geet et un mat den offiziellen Jugendmatcher, ier dann Dammen um 6 Auer géint Miersch spillen an d’Hären um 8 géint Bierchem.
An ab 10 Auer geet et dann richteg lass. Dann ass et nämlech un den Laien? As dat den Dan Ley an d'Famille.
De Loris Spina erklärt em wat et beim 24-Stonnen-Handball geet.
Cut Spina
EIS DAMMEN
Bei den Dammen verléiert an der Poule B den Chef Dikrech géint den HC Standart. Dikrech bleiwt awer weiderhinn Tabellenleader.
D’Meedercher vun der Red-Boys hunn hiren éischten Succès fir dëss Saison an spillen 19-19 mat Beetebuerg gläich.
De roude Léiw Bascharage gewënnt an der 3. Daitscher Liga 32-29 géint Eddersheim an rutscht domat op déi 6. Plaz am Classement.
TOP
Nadine mir profitéieren awer och nach vun der Geleegenheet fir ze félicitéieren. an zwar der Handballnationalequipe fir hir 2te Platz bei der Wiel vun der Equipe vum Joer