Gilles, dat war kee ganz spannenden Weekend am Handball
Bis op d’Partie Diddeleng-Käerjeng hunn d’Resultater fir sech geschwat.
Mee dee Match hat et awer a sech. An der éischter Halbzeit huet een gemengt Käerjeng kéint sech mol erem eemool behaapten.
Wee mengt dee wees näischt well an der 2. Halbzeit hunn déi Diddelenger d’Spill gedréint kritt.
Den Diddelenger Trainer André Gulbicki ass houffreg op seng Jongen dass se de Match gedréint kruuten
CUT GULBICKI
Zu Käerjeng leeft et net ronn, et gouf schon déi 3. Défaite hannerteneen. Mee d’Italiener sinn jo bekanntlech Optimisten, den Trainer Ricardo Trillini
CUT Trillini
A wat war dann zu Esch lass?
Et hat een gemengt noo der gudder Performance lescht Woch an der Coupe d’Europe wier Bierchem lo op der gudder Spur.
Eischter op der Pannespuer wéi op der Iwwerhuelspuer well se haten de ganzen Match iwwer näischt ze gutt. Deenen Escher feelt et noo dësem Match sécher net u Selbstvertrauen, den Dany Scholten
CUT SCHOLTEN
Also mir verhalen: Défense ass de Schlëssel vum Match
An d’Bäll muss een vir eraschéissen. Lo wësse mer et
Jo dat hunn se awer och gemaach, alt wéinstens hunn d’Spektateuren vill Goaler gesinn.
An et hätten der nach kennen e puer méi sinn. Eleng tëschen der 38 an der 40. Minutt huet Esch 6 Goaler markéiert.
A propos Goaler, komm mir kucken eemol iwwert Tabelle vun de beschten Buteuren.
An do ass een wäit vir, nämlech den David Gyafras
Jo de Péitenger an Ex-Kaerjenger huet et fäerdeg bruecht 62 Goaler an 6 Matcher ze schéissen.
Vun deenen Goaler kéinten déi Käerjenger der dëss Saison e puer gebrauchen.
Stëmmt, mee och e Käerjenger steet um Podium, den Tom Meis ass op der 3 Plaz mat 40 Goaler, direkt hannert dem Marin Knez vun der Red Boys, deen bis elo 44 Goaler markéiert huet.
Eis Dammen
Damen vum HB Diddeleng hunn am EHF-Cup däitlech géint den WHC Zamet verluer.
Och wann déi Diddelenger déi 2. Matcher virun hirem eegenen Publik konnte spillen haaten se absolut keng Chance géint de Vizechampion aus Croatien.
Déi aaner haaten einfach e Kapp an eng Schunggréisst méi, Kim Wirtz
CUT WIRTZ
Virun 2 Wochen hu mer de roude Léiw Bascharage hei nach an den Himmel geluewt.
De Weekend verléieren sie awer hiren 2. Match hannerteneen, anzwar géint den Tabellenleschten Solingen.
Bei de Fraen ass eben keen dag ewéi deen aaneren.
Eis Jugend
Fir dass déi Kleng eemol esou spillen wéi hir Virbiller aus der 1. Equipe, mussen se natierlech trainéieren
An déi Diddelenger suergen och dervir dass se eppes bäiléieren, wéi zum Beispill um Jugendcamp deen dësst Joer nees an der Allerhelljen Vakanz organiséiert gëtt.
De Patrick Steffen, Jugendcoordinator vum HB Diddeleng erklärt em wat et geet:
CUT Steffen
Do kréien se sécher och gesot dass een d’Bäll muss vir eraschéissen.