Gilles, de Weekend haten verschidden Equipen awer de Bulldozer erausgeholl.
Dat kann een esou soen, esouwuel bei den Dammen wéi bei den Härren waren d’Resultater méi wéi kloer.
Bei den Härren hat een sech wéinstens eng spannenden Derby Tëschend Péiteng a Käerjeng erwart, mee och do ass een entäuscht ginn.
Déi Péitenger sinn net an de Match komm, noo 10 Minutten waren si schon 8 Goaler hannen. Dat konnten sie net méi gutt maachen. De Match war zu kengem Moment a Gefor.
Fir den Andy Mauruschatt luch dat awer manner um kënnen vun deenen Käerjenger mee méi un der schlechter Prestatioun vun deenen Péitenger.
CUT Mauruschatt
Jo do gett et schwéier géint SOU Equipen, mee Gilles, wéis du zum Andy gesot hues dass d’Matcher géint déi manner Stark Equipen méi wichteg wieren, ech mengen do bass de hien e bëssen op d’Feiss getreppelt:
CUT 2 Mauruschatt
Gesäis de, um Enn hat ech awer Recht. Fir déi Kaerjenger ass dësen Succes wichteg well an der Lescht ass et net gutt gelaf. U wat läit dat dann Tom Meis?
CUT Meis Schluss…
EIS JUGEND
E Sonnden gouf schonns fir d‘7. Kéier den Mini-Hand an der Coque organiséiert, an och dëss kéier war et nees e riesegen Succes.
49 Equipen mat am ganzen 282 kanner hunn an der Coque op 6 Terrain’en géint eneen gespillt.
Bettina Ballmann fréier Spillerin vum HC Bierchem, trainéiert haut do d’U7 an wees dass et wichteg ass dass esou Deeg fir déi Kleng organiséiert ginn.
CUT Ballmann
A wat huet de Kanner dann am Beschte gefall?
CUT Kanner
An déi vill Matcher…
…160 fir genee ze sinn
…. hunn natierlech och missten gepaff ginn. Dobai konnten 30 Noowuessarbiteren och Experienz gewannen.
An dat ass fir den directeur technique Dominique Gradoux mindestens genee esou wichteg wéi de Spaass bei deenen klengen
CUT Gradoux
AKTUELL
Den Owend gett et dann hoffentlech e bëssen méi spannend am Championat, Gilles
Dovun kann een ausgoen wann den Champion beim aktuellen Tabellenéischten op Besuch ass.
Jo Diddeleng spillt den Owend géint d’Red Boys an wann een do eppes well gewuer ginn da bass du de Mann dervir
Jo all déi déi beim schlechten Wieder net eraus wellen, informéieren ech live ab halwer 9.
Oh, ech mengen dann bleiwen ech och doheem um Canapé.