Een Match an der Coupe hat sech ganz spannend ugekënnegt, anzwar Schëffleng géint Stroossen.
Déi éischt 20 Minutten war dat och de Fall, mee dunn ass den Opsteiger vun Stroossen agebrach.
Jo Gilles du wars jo um Match, wat war dann do lass, haaten se keng Conditioun?
Vu wou soll déi och kommen, wann een just 2x an der Woch trainéiert? De Michel Gira ass dovun och net ganz begeeschtert
CUT Gira
Den neien Schëfflenger Trainer Pascal Schuster zitt op alle Fall eng positiv Bilanz vun dësem Coupematch.
CUT Schuster
Virgule Aktuell
Den Trainer huet et gesot, muer um halwer 9 spillen déi Schëfflenger zu Bierchem, an ech mengen dat gëtt eng ganz interessant Partie.
Virgule Eis Dammen
Et gett emmer ganz vill vun eisen letzebuerger Handballspiller am Ausland geschwat.
Méi rar ass et dass eng Spillerinn dësen Schrett wot. Noo 15 Joer zu Käerjeng huet Tina Welter decidéiert eng Carrière am Ausland unzegoen.
Lescht Joer ass hat vum Roude Léiw Bascharage bei den TV Nellingen an déi 2. Däitsch Bundesliga gewiesselt.
An elo ass aus der rouder Léiwinn eng Mietze ginn. Hatt spillt elo zu Tréier an der 2. Bundesliga. Wat huet hatt dann dohinn gedriwwen?
CUT Beweggrënn
Am Moment leeft et bei de Mietzen jo awer net esou ronn.
Dat läit virun allem dorun dass versicht gett mat jonken Spillerinnen eng nei Generatioun Mietzen opzebauen. An do muss een mol déi eng oder aaner Néierlag a Kaf huelen.
Vun Nidderlag kann een awer beim Tina secher net schwaetzen. Seng Trainerin ass op alle Fall zefridden mat him.
CUT Zefridden
Ech mengen do wollt et elo maulen soen
Oder Meckeren…
Ze Meckeren hunn Dammen vum Roude Léiw am Moment sécher näischt.
De Weekend konnten si déi 3. Victoire an 3 Matcher erliewen.
Géint Köln hunn sie sech souguer geint den selwerernanntenen Opsteiger an déi 2. Budesliga duerchgesat. De Carlo Zeimetz ass ganz zefridden mat sengen Dammen, well awer onbedingt um Teppech bleiwen.
CUT Zeimetz
Nächsten Weekend huet de roude Léiw mol Paus.
A mir och elo.