TankenTrio

TankenTrio

By TankenTrioLeisure
Download on the App Store

TankenTrio episodes

  • #42 Mammendag ass net Thema vun der Folge
    First things first: Happy Mama Dag! 
    Och wann se op Mammendag rauskënnt geet et an dëser Folge em ganz aner Saachen. Hues du schonn eemol Butterbier gedronk? Wat ass mam Vero sengem lieblings T-Shirt? Wisou vergiessen d‘Leit hautdesdaags Manéieren ze hunn an Héiflechkeet ze weisen? Wanns du Äntwerten ob déi Froen wëlls, dann muss de des Folge lauschteren. Zousätzlech feieren mir eng ganz spannend Diskussioun, déi mat der neier Verfilmung vum Arielle ze dinn huet. Diskutéiert mat, mir freeën eis iwwert all Feedback!
    1 hr 20 min
  • #41 Syphilis Oder Physalis?
    Eis 41. Folge fänkt natierlech rëm mat techneschen Problemer un, wat sidd da och soss vun ärem Trio gewinnt. Nodeems ma eis rëm gesammelt hunn zielen mir iech des Kéier iwwer eise Breissel Revival, en Ausflug an d‘Champagne an wei et ass plakeg an engem Pool e Cocktail ze drénken. Lauschtert bis eran wann dir dat an eis méi serieuxt Thema iwwer Geschlechtskrankheeten héieren wëllt. Enjoy!
    1 hr 29 min
  • #40 Vun London iwwer Hamburg, direkt an d'Pensioun
    Sidd dir och sou prett wéi mir fir an d’Pensioun? Schéin wier et, do mussen och mir nach e puer Joer op d’Zänn bäissen. Wisou stellen mir déi Fro? Ma ganz einfach an eiser neier Folge diskutéieren mir iwwert déi aktuell Situatioun an Frankräich. Niewent dësem méi serieuxen Thema, poteren mir awer och iwwert eis Erliefnisser an natierlech iwwert den Buh-Mënsch vun der Woch. Leent iech zréck an vill Spaass mat äiser neier Folge.
    1 hr 7 min
  • #39 The New TankenTrio
    Hallo hallo halloooooo! Ären lieblings Chaos-Trio ass endlech rëm do. Keng Suerg, dir kennt eis gleewen, deskeier ass et definitiv, zu 100%, Eescht gemengt. Dir gleeft eis net? Verständlech! Mee dofir beweisen mir iech dat. Wat mir lo an dëser Zäit sou gedriwwen hunn an weien Verännerungen lo am Podcast ustinn,gitt dir an dëser Folge gewuer. Also lauschtert eran fir um neisten Stand ze sinn!
    1 hr 3 min
  • #38 Woman Life Freedom (ژن، ژیان، ئازادی)
    Mir sinn erëm zeréck mat enger méi seriöer Folge. Wei den Titel schonn verréit, hunn mir déi aktuell Situatioun aus dem Iran opgegraff. Och wann déi ganz Protester schonn säit e puer Méint amgaangen sinn, war et eis ëmsou méi wichteg et elo awer nach ze thematiséieren, well genau dat een wichtegen Wee vun Ënnerstëtzung fir déi Leit do ass. Lauschtert also eran, mir diskutéieren zesummen iwwert den Ufank vun dem Ganzen, iwwert den momentanen Stand an wat mir perséinlech dovunner denken!
    49 min
  • #37 Claire alleine auf Bali
    MIR SINN NEES DOOOOO! Mir wëssen, mir hunn iech lang am Stach gelooss an kruten mat, dass mir vermësst ginn sinn. Mee keng Suerg, är dräi lieblings Girls sinn erëm zréck an suergen endlech rëm fir Entertainment. Dir frot iech awer lo sécher wisou et sou lang roueg war an wat mir iwwerhaapt sou gedriwwen hunn an der Zäit. Genau doriwwer klären mir iech op, bei jidderengem war vill lass an et goufen puer Verännerungen. Wann der wëssen wëllt wat also lass war, dann duerf der iech des Folge net entgoen loossen! Klengen Spoiler: Thema Solo Traveling spillt an dëser Folge och eng Roll.
    1 hr 36 min
  • #36 Summer Edition
    Du bass scho rëm aus denger Vakanz oder konnts dëst Joer Lëtzebuerg net verloossen? Du hues keng Ahnung weis de dësen Summer solls Zäit emkréien oder hues nach näischt geplangt déi nächst Weekender? Dann ass des Folge deng Rettung! Mir hunn eis mol ugekuckt wat am Summer 2022 zu Lëtzebuerg lass ass. Ganz vill verschidden Eventer wäerten stattfannen, vun Concerts, Festivals bis Duerffester ass alles dobäi!
    51 min
  • #35 Surprise 2.1
    Mir sinn rëm an eiser 7ter Reih ukomm an dir wësst wat dat heescht: Nei Surprise Folge! Des Kéier war et rëm un eisem Claire. Hat huet sech een klengt Spillchen fir eis iwerluescht, an dem et drëms geet e puer spannend Froen ze beäntweren. Also net verpassen!
    1 hr 22 min
  • #34 WE ARE BACK
    No ganzer 3 Méint sinn är lieblings Labertaschen erëm zréck. Aus deenen verschiddensten Grënn hunn mir eis déi Auszäit geholl an sinn dofir elo erëm méi fresh vir iech do. Wat mir déi ganz Zäit gedriwwen hunn an wat bei eis lass war fro der iech? Ma dat alles gitt dir an dëser Folge gewuer. Een klengen Hint: Thema Stress ass ganz stäerk present an den een oder aneren Tipp kennen mir iech och mat op den Wee ginn. Vill Spaass beim Lauschteren!
    1 hr 6 min
  • #33 Däin secheren Hafen Part II
    Kommen mir zu Part II vun verschidden Bezéiungsmodeller. Mir perséinlech kennen éischter dei monogam Bezéiungen mee wat gëtt et eigentlech nach esou? Wei funktionéieren z.B. polygam Bezéiungen? Kennen mir Leit déi esou liewen? An kennen mir eis virstellen och irgentwann net mei nëmmen monogam ze liewen? Lauschtert ran an entdeckt mat eis wat den Mënsch nach alles vun Liebesbezeihungen ze bidden huet!
    55 min

About TankenTrio

From the publisher's feed

TankenTrio de Podcast.