TankenTrio

TankenTrio

By TankenTrioLeisure
Download on the App Store

TankenTrio episodes

  • #23 Pass op wien du gär hues
    Mir bleiwen nach an eisem Grujel Mount Oktober an zéien eis dat nächst Horror-Thema aus dem Ärmel. Des Kéier geet et em „Horror-Dates“. Wat sinn eis perséinlech Virstellungen vun engem Horror Date an absolut No Gos? Mais och iech hunn mir des Kéier nees mat an d‘Boot geholl an no enger Ëmfro op Instagram (tankentrio_de_podcast) koumen ganz skurril Horror Dates zum Virschäin. Lauschtert bis eran an vläicht kennt är verdrängten Horror Date Story och rëm op.
    1 hr 5 min
  • #22 Awerglawen
    Mir sinn am Grujel-Mount Oktober ukomm an passend dozou hunn mir eng Episode iwwer Awerglawen, Horoskoper an Geeschter Geschichten opgeholl. Wat ass Awerglawen iwwerhaapt an ass dat wierklech eppes wat eis am Liewen beaflosst? Och iwwer verstuerwen Séilen, komesch Gestalten an Schicksal-Geschichten hunn mir 3 des Kéier diskutéiert. Et ass nees eng Folge wou mir eisem Gebraddels keng Grenzen setzen an wënschen iech domat vill Spaass beim Lauschteren!
    1 hr 7 min
  • #21 Surprise 3.0
    Wei soen mir dach ëmmer sou gär beim Tankentrio: Aller Guten Dinge sind 3! An esou sinn ma lo bei eiser Folge Surprise 3.0 ukomm. Och eist drëtt Mitglied war dann elo un der Rei an huet den Rescht vum Trio mam Thema Feminismus iwwerrascht! Zesummen mam CID huet eist Lea eng spannend Diskussioun zu dësem Thema gehat an déi mat deenen aneren 2 wärend der Folge gedeelt an iwwert verschidden Aussoen diskutéiert! Et ass eng immens lehrreich Ronn ginn, an allen dréi hunn mir gemierkt wei eisen Horizont sech alt rëm enkéier méi erweidert huet. Leent iech also zréck an diskutéiert mat eis iwwert déi wichteg Thematik, well do kann den een oder aneren nach bestëmmt eppes Neies leieren an villäicht erweidert och dir sou ären Horizont!
    En groussen Merci geet raus un all déi Leit déi an dëser Folge gehollef hunn an en ganz groussen Merci un den CID vir déi Ënnerstëtzung.
    Fir weider Informatiounen:
    www.cid-fg.lu
    1 hr 35 min
  • #20 Kierperbetount Part II
    Eis 20. Episode ass online an domat feieren mir schonn eis 2. Jubiläum! Mir 3 fueren mam Thema vun der Folge 19 virun: Bodyshaming. Dësen Part II geet vill em Body Positivity. Wat ass dat genau? Ass dat wierklech eng gutt Bewegung? Wat ass mat Body Neutrality? Vill Spaass gewënscht an loosst de Schampes mat eis knuppen zur Feier des Tages!
    55 min
  • #19 Kierperbetount
    An dëser Folge hunn mir eis mam Thema Bodyshaming auserneen gesat. All Mënsch op dëser Welt ass schonn mat dësem Thema konfrontéiert ginn an wei mir festgestallt hunn droen Social Medias haut zu daags ganz vill dozou bei. Wat ass den perfekten Kierper? Ween definéiert wéini een ze deck, ze dënn, ze grouss, ze kleng oder wat och emmer ass? Wat sinn eis perséinlech Erfarungen domadder an wei sinn mir bis elo domadder emgaangen? Och deskéier hunn mir eis puer Gedanken zu dësem Thema gemaach an wei ëmmer serieux an mat enger Prise Humor doriwwer diskutéiert.
    1 hr 11 min
  • #18 Eng Mutz fir de Wutz
    An dëser Episode schwätzen mir 3 iwwer Verhütungsmittel an stellen eis vill Froen dozou. Wisou verschreiwen Gynekologen esou schnell d‘Anti-Baby-Pëll? Wat fir verschidden Kategorien vun Verhütungsmittel gin et? Wat fir Mëttel gin et fir d‘Männer? No puer Recherchen an mat Hëllef vun Eegenerfahrung diskutéieren mir iwwert dëst wichtegt Thema wat sécherlech vill Leit beschäftegt, och wann do jiddereen individuell fir sech d‘Entscheedung treffen muss wéi an op en verhüten well.
    Des Instagram Accounts goufen erwähnt an kéinten fir den een oder aner hëllefräich sinn: - Better Birth Control - bodysynchron - the female company
    1 hr 19 min
  • #17 Fro du, so du
    Welcome zu der TankenTrio Froeronn! Mir hunn eis Community opgefuerdert eis e puer Froen ze stellen iwwert déi mir dann ausführlech diskutéiert hunn.
    Wat waren eis peinlechst Momenter? Leiwer Vergaangenheet oder Zukunft? Hong oder Ee? An nach villes méi! Wann dir méi iwwert eis wëllt gewuer ginn, dann ass dat hei den perfekten Moment dofir.
    1 hr 12 min
  • #16 Erwaardungs-Shot
    Nëmmen keng ze héich Erwaardungen un des Episode (do you get the joke? hehe). An eiser Folge 16 schwätzen mir iwwer Erwaardungen déi mir un eis selwer hunn, un eis Matmënschen an wei mir mat den gesellschaftlechen Erwaardungen emgin. Schnell stellt sech raus dass dat e breet gefächerten Term ass, den jiddereen individuell definéiert an soumat hunn mir hei déi eng oder aner Diskussioun.
    Opgepasst: fir déi ganz king kann een aus dëser Folge souguer een Drénkspill machen. Fir méi doriwwer rauszefannen: lauschtert ran!
    !! Keen Alkohol ënner 16 !!
    1 hr 3 min
  • #15 Schlappentourist
    Viva Vakanz! An eiser Episode 15 schwätzen mir drei iwwer eis lieblings Vakanzen Destinatiounen, Länner an Stied déi eist Häerz erobert hunn mee och vun deenen Vakanzen déi mir kengem recommandéieren géingen. Lauschtert eran wann da eis Weltenbummler Geschichten an e puer witzeg Anekdoten héieren wëllt. Déi nächst Vakanz steet schliisslech bal virun der Dier.
    1 hr 19 min
  • #14 Surprise 2.0
    !Triggerwarning! Mir sinn bei eiser Folge 14 ukomm! Wat heescht dat genau? Ganz einfach: et ass an der 7er Rei an domat nees eng Surprise Folge! Des Kéier iwwerrascht d‘Claire déi aner zwee mat engem Thema vun dem si réischt wärend der Episode gewuer gi. Virun wat hues du Angscht? Domat fänkt eng wichteg Folge un befiert mir riwwer op d‘Panik an Panikattacken gi. Mat engem Avis vun zwee Psychologinnen an zwee Temoignagen schwätzen mir dréi doriwwer wei sech eng Panikattack ufillt, wei een als Außenstehenden reagéieren soll an wéi een sech selwer rëm berouegt kritt.
    1 hr 26 min

About TankenTrio

From the publisher's feed

TankenTrio de Podcast.