TankenTrio

TankenTrio

By TankenTrioLeisure
Download on the App Store

TankenTrio episodes

  • #13 Gesangsstonn mam Trio
    Welcome to eiser musikalescher Episode! Des Kéier schwätzen mir dréi iwwer Musek. Wat bedeit Musek fir eis? Weieng Lidder kennen mir am Dauer Loop lauschteren an weieng gin einfach guer net? Hei fann dir Song Tipps fir Breakups, Hype ze gin an och déi eng oder aner Gesangseinlage. An och eis letzeboier Musikszene hunn mir mat dobai. Macht iech op vill Throwbacks an Onstëmmegkeeten bereet. Listen and enjoy!
    1 hr 11 min
  • #12 Corinna
    Corinna lässt Grüßen! An eiser heuteger Episode hunn mir eis mol eng kéier richteg iwwert Corinna ausgekatzt. Wei geet et eis momentan? Wou ass eis Motivatioun sou drun? An ganz wichteg: Wei fill dir iech eigentlech? Duerch verschidden Temoignagen hunn mir och en Abléck doriwwer kritt, wei et verschiddenen vun eisen Zuhörer*innen esou geet. Vun keng Motivatioun méi hunn, iwwert „stay positive vibes“ bis hin zu nostalgeschen Pré-Corona-Zäiten Momenter ass och rëm an dëser Folge alles dobäi. Katzt iech also eng kéier richteg mat eis aus, an dat Allerwichtegst, bleift gesond!
    1 hr 10 min
  • #11 Wous du den Summer verbréngs, verbréngs du och den Wanter
    An eiser 11. Folge schwätzen mir dréi iwwert Frëndschaft. Wat bedeit Frëndschaft fir eis mëttlerweil? Léiwer vill Frënn hunn oder geet eis eng Hand voll duer? Frëndschaft zwëschen Mann an Fra, jo oder nee? Wat ass toxesch an wat pusht eis an enger Frëndschaft? En Thema wat nees jiddereen betrëfft an wou jiddereen matschwätzen kann.
    1 hr 5 min
  • #10 verflixt und zugenetzt
    Jubiläumsfolge! An eiser 10. Episode schwätzen mir 3 iwwert dat grousst Thema „Social Media“. Seng Pros, seng Cons an weien Impakt dat alles op eis huet. Ps: Genéisst déi bis elo beschten Qualitéit vun eisem Podcast! Enjoy.
    1 hr
  • #9 Back to the Future
    Laang huet sech mindestens eent vun eis virun dëser Episode gedréckt. Et geet nämlech em d’Thema Zukunft, wat net ëmmer angeneem kann sinn. Vill oppen Froen kommen op: Wou stinn mir grad? Wéi geet et virun no der Uni? Musse mir lo schonn en konkrete Plang hunn fir déi nächst 40 Joer? Kennen mir nach eis Dreem verwierklechen?
    Dëst, eis Suergen, eis Visiounen an nach villes méi thematiséieren mir an eiser Laaberfolge. Have fun!
    56 min
  • #8 Katz und Maus Spiel
    An dëser Folge hunn mir eis mam Thema "Gewalt" beschäftegt, wat aktuell méi denn je an den Medien ass. En Katz und Maus Spiel wou et leider ëmmer eng Persoun gëtt déi jot an eng déi gejot gëtt. Gewalt un Fraen, an allgemeng un all Mënsch, ass fir eis drei extrem wichteg thematiséiert ze gi. An eiser Gesellschaft leeft nach ëmmer vill schief an et ass un der Zäit Tabuthemen opzegräifen an doriwwer ze schwätzen. Mat theoreteschen Aspekter an perséinlechen Erfarungen, huelen mir iech mat an eis Diskussiounsronn an hoffen, dass mir iech domadder uschwätzen. Villäicht hëlleft iech dat och op eng gewëssen Aart iech domadder auserneen ze setzen. Et betrëfft eis alleguer an et deet ëmmer gutt ze wëssen, dass een net eleng mat engem Problem ass.
    1 hr 13 min
  • #7 Surprise 1.0
    An dëser Folge huet d‘Vero eis mat engem ganz spannenden Thema iwwerrascht. Zu dréi diskutéieren mir iwwert „Stereotypen“, een Sujet den eis alleguer betrëfft an wouriwwer jiddereen sech mol Gedanken kann maachen. Duerch verschidden Point de Vuen goufen eis d‘Aan zur Realitéit opgemaach. An genau dat wëllen mir mat dëser Folge och bei iech bezwecken, et gëtt Zäit sech mat eiser Gesellschaft, eis selwer an der Realitéit auserneen ze setzen.
    1 hr 16 min
  • #6 Fifty Shades of Grey
    D'Welt ass net nëmmen schwaarz an wäiss. Et ginn vill verschidden Gro-Téin an deenen een denken an handelen kann. Sou wéi och wat d'Ëmwelt ugeet. An eiser "grünen Folge" schwätzen mir iwwer Nohaltegkeet, wisou dat grad eis Generatioun beschäftegt an wat mir dofir maachen kennen. Wéi ëmmer gëllt och hei : eis Tipps sollen nëmmen als Denkustéiss gëllen an keen virun de Kapp stoussen. Vill Spaass beim Lauschteren.
    1 hr 4 min
  • #5 Fouss an den Aasch
    Wéi den Titel des Kéier net verréit geet et an dëser Episode em: Selbstliebe. En grousst an wichtegt Thema dat eis dräi den Kapp zum Dämpen bruecht huet. Wat genau ass dat an wéi kennen ma se stäerken? Dëst an wat et mam Titel op sech huet, gëss Du hei gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren an vläicht ass jo den een oder aner Tipp dobäi deens de mat op däin eegenen Wee huelen kanns.
    57 min
  • #4 Léiftwéi & Häerzblutt
    An dëser Folge diskutéieren mir iwwert en Thema dat jiddereen scho emol beschäftegt huet : Bezéiungskroom an Singleliewen. Wat erwaart een sech an sengen 20er vun engem Partner? Wat heescht et an Corona Zäiten Single ze sinn? Ass dësen Altersoofschnett vläicht den wou mir eis am meeschten Froen stellen? All des Froen hunn mir eis gestallt an sinn eis sécher dass mir net eleng domat sinn. Wei ëmmer mat e bëssen Humor an Eegenerfarung stellen mir eis dësem Thema!
    1 hr 9 min

About TankenTrio

From the publisher's feed

TankenTrio de Podcast.