TankenTrio

TankenTrio

By TankenTrioLeisure
Download on the App Store

TankenTrio episodes

  • #32 Däin secheren Hafen Part I
    Sidd der prett vir ären Horizont ze erweideren? Dann sidd der elo hei genau richteg! An dëser Folge schwätzen mir iwwert een ganzt spannend Thema an zwar: Oppen Bezéiungen. Wat genau ass dat? An huet dat iwwerhaapt iergend een Sënn? Wei stinn mir eigentlech dozou? Mir hunn eis mat dem vir eis friemen Thema befaasst an ganz vill nei an spannend Erkenntnisser gewonnen. Also lauschtert ran.
    50 min
  • #31 Okaaay let's go
    Mol rëm eng Kéier hunn mir eis geduecht iech mat enger vun eisen berüümten Laberfolgen, vun deenen ellenen Noriichten vun eiser Welt ofzelenken. Vorweg mussen mir iech awer virwarnen, dass mir an dëser Folge iwwert Inhalter laberen, déi iech warscheinlech wéineg interesséieren MEE si ass dowéinst ëmsou méi witzeg! Also loosst iech net entgoen wei mir eng gutt an lëschteg Stëmmung verbreeden andeems mir einfach banal iwwert eis Hobbys diskutéieren
    Vill Spaass gewënscht
    49 min
  • Special Episode : Russland-Ukrain Krich
    Dir sidd villäicht verwonnert, dass mir net op engem Sonnden des Folge rausbréngen. Dat leit ganz einfach dorun, dass mir et als wichteg empfonnt hunn iwwert dat aktuellt Thema, den Russland-Ukrain Krich, ze schwätzen. Einfach erklärt wëllen mir iech puer wichteg historesch Andréck zu dem ganzen Konflikt ginn. Natierlech hunn mir och eis perséinlech Meenungen rabruecht souwéi eis momentan Gefillslag geschwat. Et ass momentan eng schweier an bedréckend Zäit, an et ass ok den Weltschmäerz ze fillen, well mir fillen en och! Mat dëser Folge wëllen mir iech en Iwwerbléck iwwert déi aktuell Situatioun ginn an awer och eis Solidaritéit mat der Ukrain ausdrécken🇺🇦💙💛
    1 hr 10 min
  • #30 Couch Potato
    Ready vir mat eis an d‘Welt vun den beschten Filmer, lieblings Serien an spannendstem Trash Tv anzetauchen? Genau doriwwer laberen mir dréi nämlech an dëser Folge. Ween vun eis ass wuel den gréissten Filmekenner? An ween ass den totalen Géigendeel? Wei stinn mir zu Trash Tv an wat sinn eis guilty pleasure? Alles dat gitt der hei gewuer!
    1 hr 31 min
  • #29 Vogelperspektive
    Dës Folge beschäftegt sech mat engem Thema oder besser gesot mat engem Begrëff den jidderengem méi wéi bekannt an den och méi wei mënschlech ass, nämlech: Feeler. Och wann verschidden Leit mengen, si wieren fehlerlos, verstoppt sech dach ëmmer den een oder aneren Feeler iergendwou. Mir hunn eis mol selwer gefrot wéi mir mat eisen Feeler emgin bzw. op mir eis déi selwer agestoen kennen. Natierlech hunn mir eis och Gedanken driwwer gemaach, wéi een domat ëmgeet, wann een selwer oder een aneren een Feeler gemaach huet. Villäicht ass jo rëm den een oder aneren Tipp vir iech selwer dobäi!
    56 min
  • #28 Surprise 1.1
    Eis 7er Rei geet virun, an wéi dir jo mëttlerweil wësst heescht dat, dass et eng néi Surprise Folge gedd! Des Kéier huet d‘Vero eis rëm mat engem ganz spannenden Thema iwwerrascht. Mat Hëllef vun puer Gäscht hunn mir eis mam Thema Flüchtlingen sou wei hier Integratioun an Inclusioun zu Lëtzebuerg auserneen gesat.
    1 hr 41 min
  • #27 Happy 1st Birthday
    Happy Birthday TankenTrio! Andëser Folge stoussen mir zesummen op eist 1-järegt Jubiläum un. Dobäi hunn mir eis geduecht, dass et passend wier een klengen Joeresreckbleck, mat all den groussen Ereegnisser déi dëst Joer op dëser Welt geschitt sinn, ze maachen. Leent iech zréck,gënnt iech een Drink an loosst 2021 mat eis zesummen auskléngen.
    1 hr 11 min
  • #26 Meenungsfräiheet: Wou sinn d'Grenzen?
    No enger kuerzer Paus, sinn mir zréck mat engem méi eeschten an ganz aktuellen Thema: Meenungsfräiheet. Mir hunn eis d’Fro gestallt: Wat ass Meenungsfräiheet? Wei wäit geet se an ginn et do iwwerhaapt Grenzen? Vun privater Meenungsfräiheet, iwwer Kënschtlerfräiheet bis hin zu ganz hëtzegen Diskussiounen iwwert déi aktuell Corona Situatioun hunn mir dëst Thema auserneen geholl. Schlussfolgernd kennen ma behaapten, dass Meenungsfräiheet un deenen eegenen Wäerter orientéiert ass soudass et een ganzt kritescht an subjektiivt Thema ass, well jiddereen ganz individuell dozou steet an awer huet eis Toleranz zu verschiddenen Äusserungen gewëssen Grenzen.
    1 hr 28 min
  • #25 Jealous
    Des Folge geet et em dat Thema wat jiddereen vun eis kennt, wat jiddereen sécher schonn erlieft huet an suguer bal ganz sécher och jiddereen an sech dréit: Jalousie.
    Hues du dech well gefrot op weiengem Jalousies Level du bass? Wann net dann ass elo den Moment dat mam Tankentrio ze maachen! Ob an enger Bezéiung, Frëndschaft, Famill oder Beruff, et kann een et bal iwwerall erliewen. Lauschtert eran,vir e puer nei spicy Infos ze kréien
    1 hr 7 min
  • #24 Mir vs. eis Elteren
    Generatioun X, Y oder Z,wéi eng ass déi besser? Den éiwegen Generatiouns Konflikt hunn mir des Kéier zu eisem Thema gemaach an eis gefrot wat mir an Zukunft änneren wëllen an wéi eng Wäerter mir gären weider mat op eisen Wee wëllen huelen. Wat kruten mir vun klengem un an d‘Weih geluecht wourunner mir eis haut na halen an bei wéi engen Themen stoussen mir op Géigewand, wann mir Doheem diskutéieren? All déi Froen diskutéieren mir an kucken nostalgesch zréck op eis Vergaangenheet.
    1 hr 9 min

About TankenTrio

From the publisher's feed

TankenTrio de Podcast.