Rebound (Radio)

22. Rebound, 16/02/2018


Listen Later

Iwwer Sënn an Zweck vun der Tëscheronn mat just 5 Matcher gëtt vill diskutéiert. Mir maachen dat elo net.
Mir hale just fest, datt Ettelbréck a Steesel déi lescht 3 Matcher an aller Rou kënnen ugoen. Si hunn nämlech de Billet fir d’Halleffinalen an der Täsch.  
Esch, Diddeleng, d’Musel Pikes an d’Sparta mussen nach duerch d’Véirelsfinalen. Wien do géint wie spillt, dat decidéiert sech an den nächste Matcher.
E klengen Enjeu bleift also nach. Och wa villes drop hin deit, datt déi Reiefolleg sech net verännere wäert.

Let’s talk about
Wien ass dann d’ Iwwerraschungsequipe aus der Total League, goufe mir schonn e puermol gefrot.
De Basket Esch kann een do roueg nennen. D’Equipe ronderëm de Capitaine Joé Biever spillt eng fantastesch Saison. Dat ass e ganz anere Basket wéi an de leschte Joeren. An et ass nach Loft no uewen, seet de Joé Biever.
CUT 1
E groussen Undeel um Opschwong huet ouni Zweiwel den neien Trainer Sylvain Lautié. Seng Handschrëft bei den Escher ass onverkennbar:
CUT 2
Am Palmarès vum 49 Joer ale Fransous stécht de Gewënn vun der Coupe Korac mat Nanzeg am Joer 2002 eraus. Ma och bei sengen anere Statiounen huet seng jeeweileg Equipe ëmmer progresséiert.
Progresséiert huet och d’Etzella. Ënner dem neien Trainer Kresimir Basic hun déi Ettelbrécker e grousse Sprong no vir gemaach.  
Dat beschte Beispill gëtt de Billy Mc Nutt of. D’lescht Saison hat een d’Impressioun, wéi wann de Kanadier seng 32 Joer géif spieren.
Elo erlieft hien en 2. Fréijoer. De fréiere Spiller vun Hiefenech a vum Stader Racing ass am Gaangen, seng beschte Saison ze maachen.
Duerfir huet de Philippe Gutenkauf och eng ganz kloer Virstellung:
CUT 3 Gutenkauf
Domat sinn Esch an Ettelbréck eescht Konkurrente fir d’Amicale Steesel am Kampf ëm den Titel.
 
MAGIC NUMBER
Den nächsten Donneschdeg spillt eis Nationalequipe hiren 2. Match  am Kader vun der Pre-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft. Mat Zypern ass en éiwegen Angschtgéigner an der Coque op Besuch.
Den Nationaltrainer Ken Diederich hofft duerfir op d’Ënnerstëtzung vum Public.
CUT 4 Ken
En anere Rendez-vous ass e Sonndeg déi traditionell Journée Nationale de Basket zu Diddeleng. Dësen Dag ass reservéiert fir d’Joergäng vun 2004 bis 2007.
Nei um Programme steet en Tournoi 3 géint 3. Dës Form, déi aus dem Streetball kënnt, ass an 2 Joer um Programm vun den olympesche Spiller zu Tokio .
Niewent de Matcher kënnen d‘Kanner de ganzen Dag iwwer bei deenen verschiddenen Skill Drill Tests hiert Kënnen ënner Beweis stellen

SPROCH VUN DER WOCH

Ech hunn deslescht awer eppes héieren. Dat gleefs du net.
Ziel!
Do huet en däitsche Coach um Training zu senge Spiller gesot: Wir machen jetzt Dehnübungen !
Jo an ?
Ma et heescht dach: die Übungen.
 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Rebound (Radio)By RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Rebound (Radio)

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

339 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners