Zënter 11 Joer probéiert Music:LX d'Musek aus dem Grand-Duché an d'Ausland z'exportéieren. Den Export-Büro fir d'Lëtzebuerger Musek gehéiert vun elo un zu Kultur:LX, ma un der Strategie ännert näischt. E Mann vun der éischter Stonn vun dësem Projet, de Bob Krieps, an den aktuellen Direkter Giovanni Tronno hunn d'Konzept "Am Takt" nach eng Kéier virgestallt. Den 2. Gaascht war d'Elise Nunes, d'Sängerin kennt een duerch Gruppe wéi Stelise an Heavy Petrol an eventuell och Patient Zero déi et zënter bal engem Joer gëtt. Et ass ëm dat 3. Lidd Unrequited Love vu Patient Zero gaangen.