Fluyd, Surf Cowboys, Dechmanndondlinger, De Midlife Chris..... jee d'Lëscht vun de Gruppen ass laang an deenen de Pascal Dechmann matgewierkt huet. Wann et drëms geet op enger Bün ze stoen, bleift de Pascal dem Rock trei, allerdéngs geet seng aktuell Musek an eng aner Richtung. Zesumme mam Elise Nunes, an elo der brittescher Sängerin Sonna Rele, fiert de Lëtzebuerger op der EDM-Schinn. An domat wiere mir net all ze wäit vum Jimmi Harvey ewech; dee kennt een duerch ënner anerem Angel At My Table an Austinn, ma och den Jimmy Braun huet sech elo an d'Beats verléift.