R T L Automag “live an der Ronn”
Samschdeg: 07.07.2018
U S O :
...am Automag sinn mir haut schonn am Vakanz Modus. Et geet an d’Camargue. Och eng flott Plaz fir de Summer Congé ?
Christian du war’s an der Camargue ënnerwee an hues dech do fir en klenge mee rengen Automusée interesséiert.
T E X T :
...jo esou en Ausflug a Südfrankraich, oder iwwerhaapt am Hexagone, ass jo eigentlech souwisou schonn en Tour duerch de Musée. De Fransous schwëtzt jo gären vun enger bagnole aplaz vun Automobil, an déi gëtt an der Regel vill méi laang gehal wéi bei äis am Grand-Duché.
Also op menger leschter Rees sinn ech do an Dierfer op Autoe gestouss déi mir begéint sinn wéi ech an d’Schoul gaang sinn. An ech sinn der ewell 50 ginn. Mäin éischten Auto war e Renault 6, an och därer hunn ech nach ee begéint. An och eng 2 CV ass och anno 2018 keen Exot am Stroosseverkéier
Um Bord vun enger Porsche Présentatioun hat ech Geleeënheet schonn en Dag éischter do sinn, an hunn a) di herrlech Landschaft genoss,
a b) duerch Zoufall op dem Maurice Blucher seng Kollektioun gestouss. Tëscht Aigues Mortes an.Sainte Marie de la Mer zu Montcalm matzen an de Wéngerten wou de Petit Rhône fléisst, an de Vin de Sable hirkennt, do leit déi kleng Schatz Truh mat Oldtimer?
Speaker: E private Musée deemno...
Genee, an dee Maurice Blucher ass een dee gutt zum typeschen Klischee vum Fransous passt. Gudd Zait, d’Liewe genéissen, a sech nett aus der Rouh brénge loossen. Iregendwéi e ganz besonnesche Personnage, wat mir nach héiere wärten. En Deel vun der Collectioun ass en Heritage vum Papp, dee schonn virun iwwer 40 Joer mat sammelen ugefang hat.
Mee déi Oldtimer dierfen och de temps en temps eraus op d’Strooss.
(Cut 1...)
An do déèlacéiert den Maurice Blucher sech dann och gären. Den Oldtimer op d’remorque gelueden a lass. Bis an d’Schwaiz war hien schonn mol fir eng Hochzait.
„Pour votre casting photo/ clip vidéo / mariage / cérémonie, le Musée Automobile De Camargue se déplace pour vous « eng Offer déi dacks an Usproch geholl gëtt.esou
Zënter 2001 ass de Musée och op fir de grand public.
Speaker. Wéi eng Autoen stinn dann an der Expo?
Also dat ass schonn en Ausflug an d’lescht Jorhonnert...
(Cut 2...)
A natierlech e puer ganz rar Artikelen?
(Cut 3...)
Jo an hien huet och deen Delahaye M 134 aus dem Film “L’été meutrier” mam Isabelle Adjani an dem Alain Souchon.
A wou mir do esou duerch seng Scheier / Garage aus dem Joer 1917 trëppelen, déi iwweregens och voll gepaakt mat Auto Accessoiren , wësst dir wou et nach esou herrlech no alem Uelech richt, verzielt de Maurice Blucher mir dass esou eng Sortie mat engem Oldtimer eppes ganz Besonnesches wier?
(Cut 4...)
Hei stinn Coupen vun gewonnene Rallyen, Plakater vun Autoscoursen an och eng Partie Spillautoen.
Speaker: E klenge Musée mat enger Particularitéit?
Jo an dat ass déi dass contrairement zu anere Automuséen de Visiteur sech Plaz huelen dierf an den Exponater?
(Cut 5...)
Oldtimer déi e Verméige wert sinn an senger Garage, mee privat ganz buedemstänneg. Wéi mengt de Propriétaire, Camargue ass nett Cannes oder Monaco, a weist mir dann sain alen Renault Kangoo mat 300 000 Kilometer um Tacho.
Speaker: A beim Concours d’élégance do trefft ee sech gären ënner Gläich Gesënnten?
Genee...
(Cut 6...)
Am Moment kommt dir och mam Maurice Blucher an d’Geschäft, wann dir op der Sich no engem MG, Citroën 11 Traction, oder enger 4CV vun Renault sidd. Déi ginn elo mol verkaaf.
De klenge Musée zu Montcalm vläicht eng Escale wäert. Eng schéin an och nach e bësschen méi “sauvage”Géigend wéi Côte d’Azur . Jo a kaum war ech vum Haff gefuer do stoung schonn enger 2CV als Fougonette vis à vis...tjo a Frankraich bas de “le long de la rue” ëmmer an engem Automusée...
Speaker: Fotoen vun dohannen déi ginn et op www.auto.rtl.lu