Paul, BMW a Van, do hu missen e puer Fans schlécken!
Dat ass richteg – bon elo ass den 2er GranTourer jo schonn e puer Joer um Maart an zesumme mam klenge Brudder Active Tourer schéngt de Konkurrent vu Mercedes B-Klass, Renault Scénic a Co awer elo akzeptéiert ze sinn.
Vun de Mossen hir bleift de GranTourer nach kompakt, an trotzdem passe 7 Leit eran?
Dat ass genee déi Fro déi sech emmer stellt. Mee genee wéi bei der Konkurrenz bleiwen déi 2 Plazen an der drëtter Reih éischter just fir den Noutfall. An dat Konschtstéck bréngt och BMW net fäerdeg; kleng Kanner enner 1m50 kënnen do eventuell nach setzen, mee dann och net laang. Besser verzicht een op déi drëtt Sëtzreih a spuert domat och nach 800 Euro, dofir huet een dann eng vill méi grouss Mall wéi am Active Tourer. Zu 5 reest et sech gutt am GranTourer, Plaz ass iwwerall, besonnesch Chauffeur a Bäifuerer sëtze méi wéi lëfteg. Gemeckert gouf an der zweeter Reih just iwwert déi ze haart Polsterung, do gouf dann awer mat der Sportlechkeet iwwerdriwwen. Soss ass de GranTourer fläit keng Beauté, mee e gutt iwwerluechte Familljenauto mat villen Oflagen an engem wonnerbare Raumgefill.
Elo si mer jo beim Facelift deen un der Karosserie wahrscheinlech net vill geännert huet – wat ass um 2er GranTourer dann elo nei?
Do hues de Recht, d’Struktur blouf déi selwecht mee wéi et sech fir e Facelift gehéiert gouf de BMW-Van fir d’éischt emol optësch renovéiert. Dat si baussen déi üblech Elementer wéi Pare-Choce, Luuchten a Felgen. Dozou gëtt elo optional LED-Technik fir Pharen an Niwwelluuchten an d’4-Zylinder-Versiounen erkennt een hannen neierdéngs un 2 décken a richtegen Endréiher. Bannenan kommen nierft neie Faarwen an Iwwerzich en Touchscreen fir Multimedia an Navi an den elektronesche Wielhiewel fir d’Automatik. Dann, Stéchwuert Connectivity, fiert elo serieméisseg eng SIM-Kaart mat déi den Auto konnektéiert, WLAN, induktivt Oplueden an Apple Car Play gëtt et als Optioun. Nei ass och den Active Cruise Control deen vu Stop & Go bis 140 km/Stonn fonctionnéiert esouwéi e City Noutbrems- an ee Spurhal-Assistent. An deen huet mech genervt wëll ech en néierens ausschalte konnt. Wann’s de nämlech op Landstroosse méi zackeg d’Kéiere schneids hält däi Steier net méi op mat Vibréieren wëlls de de Markéierunge méi no kënns. Bei der Konkurrenz gëtt et dofir e Schalter, beim 2er GranTourer hunn ech dat bis zum Schluss net fonnt.
Dobäi ass Bedénge bei BMW jo am Fong kee Problem?
Nee, an den Touchscreen hätten se sech och kéinte spueren well fir mech den i-Drive Kontroller genee op der richteger Plaz läit a sech präzis a secher bedénge léisst.
Ech huelen un, de Facelift konzentréiert sech awer net nëmmen op d’Elektronik?
Nee, dat wichtegst Stéck am Testwon war déi nei Automatik, fir méi genee ze sinn, eng Duebelkupplungsboîte mat 7 Gäng. Do huet fir mech BMW an d’Schwaarzt getraff; et ass déi éischt Boîte vun déier Zort déi propper, ruckfräi an och beim Zeréckschalten perfekt fonctionnéiert. En plus huet se gutt mam 192 PS-Bensinner am 220i, wou se iwweregens serieméisseg verbaut ass, harmonéiert. An domat kéime mer bei d’Fuere wou spéitstens all BMW-Fan déi typesch wäiss-blo Genen erausspiert; den 2er GranTourer ass tatsächlech de BMW ënnert de Vans; knackeg, handlech, präzis Steierung, d’Sportsetzer passe wéi ugegoss, de 1500er Turbobensinner dee flott dréint a gutt kléngt an déi richteg gutt Boîte – de GranTourer huet mech op en neits positiv iwwerrascht. Eeenzeg d’Traktioun koum bei Vollgas un d’Limiten, de Verbrauch loung knapps 2 Liter iwwert der Wierksdonnée, nämlech bei gutt 8 Liter an d’Fiederung war trotz moderate 17-Zoll Felgen aus dem M-Sport-Paket relativ straff. Mee fir de Papp dee keng Loscht op eng fuerspaassbefreite Pampersschaukel huet, mäi Geheimtipp.
A bei de Präisser vergeet de Spaass och net?
Ma dach, soss wier et kee BMW. An der Basis si fir den 220i GranTourer scho ronn 34.500 Euro fälleg an da komme wéi emmer déi flott Optiounen; aleng den M Sportpaket dee ménger Meenung no fir de GranTourer muss sinn, kascht 5600 Euro! Eisen Testwon huet dann och schonn un de 50.000 gekratzt.