Paul, wann ech mer den Honda Type R esou ukucken – diskret ass tatsächlech anescht!
Ah sou? Nee, kloer, beim Type R muss de net wéi bei engem Seat Leon Cupra oder bei engem VW Golf R an d’gro Kaart kucke goen fir erauszefannen dat et d’Topmotorisatioun ass – beim Civic zelebréiert Honda dat carrément an dat a Form vun opfällege Spoilerjupen, Säiteschweller, 20-Zoll-Rieder mat roude Bremssiedel, enger Lofthutz um Capot, verbreete Schutzblecher, 3 zentral Auspuffréier, Finnen um Dag an als Kréinung enger riiseger Théik um Mallendeckel. An ech muss soen, ech fannen dat och nach cool, et ass eben esou typesch Type R. Just déi typesch Honda-Community, déi wäerten e bessen enttäuscht sinn, well ze tunen gëtt et tatsächlech net méi vill.
Alles nëmme Show oder huet dee ganzen opteschen Opwand och säin Zweck?
Nee, natirlech spillen Aerodynamik, Stroosselaach an déi richteg Killung schonn eng grouss Roll. Mee den Type R follegt natirlech och der Traditioun vum Virgänger. Déi éischt 2 ware jo bësse méi brav bis deen éischte mam Turbomotor an der entspriechender Optik koum.
An déi gëtt bannendran virugefouert?
Natirlech. Knallrout Schuelesëtzer déi der wéi eng zweet Haut sëtzen, rout Applikatioune mat Karbon iwwerall an deen typesche sëlwer Schaltknauf aus Metall, dat muss natirlech sinn. Soss bleift et den typesche Civic mat 5 Dieren an och genuch Plaz fir Famill a Kanner – Pappen oder fläit och Mamme mat sportlechen Ambitiounen opgepasst – hei kënnt ären Auto!
Wann hinnen d’Optik gefällt, wëll déi polariséiert jo awer bestëmmt – hält de Civic Type R beim Fueren dann och dat wat e vu bausse versprécht?
Absolut. Fir d’éischt emol de Motor: 320 PS a 400 Nm aus engem 2-Liter 4-Zylinder. An Honda huet déi Kombinatioun Turbo- an héich Dréihzuelen richteg gutt hikritt. Du hues d’Gefill, en zitt direkt vum Ralenti un an entwéckelt dann een onheemleche Schub dee just am Rupteur bei 7000 Touren noléisst. An dat vu Gang zu Gang, natirlech e Kannerspill mat der extrem knackeger a kuerzer Schaltung. Déi elo beim Zeréckschalten och nach automatesch Tëschegas gett an esou emmer de perfekten Uschloss mecht – REV-Matching am Jargon. Dobäi kléngt de Motor net kënschtlech gepimpt mee esou wéi wann en es einfach net genuch ka kréien, eben typesch Honda.
E staarke Motor aleng geet natirlech net duer!
Kloer, fir mech hu se dat zweet Konschtstéck bei der Stroosselaach fäerdegbruecht. Den Type R läit wéi dat berühmte Briet op der Strooss. Mat denen elo adaptiven Amortisseuren léisst sech dozou nach alles e Krack méi stramm astellen esou dat’s de an de Kéiere mengs, du wiers nach Kilometerwäit vun der Limite ewech. En dréckt héchstens mol iwwert déi viischt Rieder, leet sech soss emmer saat a gutt équilibréiert an d’Kéier eran – am +R-Modus léisst en esouguer e liichten Drift zou. An dobäi halen d’Sportsetzer dech fest wéi an engem Schraufstack. Als Kiischt um Kuch dann och eng Steierung déi 1 zu 1 d’Strooss eremgëtt ouni zappeleg oder nervös ze sinn – et war scho bal eng Drog, ech konnt net dervu lossen fir all Dag eng Spaassronn ze dréinen. Just huet de Péitrus et net esou gutt gemengt a krut während ménger Testwoch net emol d’Schlaisen zou. Op drëchener Strooss kommen déi zwee viischt Rieder schonn dacks un d’Schweessen, am naassen ass Vollgas op d’mannst bis de 4. Gang absolut tabu. Dofir hunn d’Conti Sportcontact an de Kéieren awer nach emmer optimal Pattex-Eeegeschafte bewisen. Trotz dem Fait dat eisen Testauto wahrscheinlech op enger Rennstreck schonn e besse Gummi geloss hat an deementspriechend Bremsen a Pneue scho matgeholl waren. An Honda Belsch kennt wuel d’Gesetzer zu Lëtzebuerg nach emmer net, soss géingen se am November net nach Testween mat Summerpneuen erausginn.
Mee soss duerch an duerch e positiven Androck deen’s de eis matbruecht hues?
Kann ee soen, och am Alldag huet den Type R net genervt; eng Comfort-Astellung erlabt esouguer eng relativ bequem Fiederung an d’Sportsetzer sinn un de Säiten extra ausgeschnidden fir relax eran- an erauszeklammen. An och soss hat eis Topversioun GT alles wat soss bei der Konkurrenz deier Oppräis kascht. Just de Geräischpegel bei 140 kann op laange Strecken nerven grad wéi dee Witz vun Tank mat nëmme 44 Liter Volume. Déi 10 Liter Testverbrauch ware bei méngem Fuerstil zwar ganz ok, trotzdem hat ech d’Gefill dauernd op der Tankstell ze stoen. An eisen Testauto huet leider och schonn e besse bannenan gerabbelt.
Du giffs der en trotzdem kafen?
Losse mer soen, wéi ech en ofginn hunn, jo, do hat ech schonn eng kleng Tréinchen am A. 36.200 Euro kascht den Type R, als komplett équipéierte GT läit e bei 39.000. Ausser dem Leon Cupra bitt keen esouvill Leeschtung zu esou engem faire Präis.
An dem Paul séng Fotogallerie grad ewéi och d’Präisser vum neien Honda Civic Type R fannt der op auto.rtl.lu