Automag

Automag, 05/12/2018


Listen Later

D’SUV-Famill vu Seat ass elo komplett. No Arona an Ateca rënnt den Tarraco d’Gamm no uewen op. De Paul Origer war op der Presentatioun zu Barcelona derbäi.
Paul, den Tarraco ass awer kee ganz Onbekannten?
Nee, dat hues de richteg erfaasst an dat ass och ee perfekt Beispill wéi d’Plattformstrategie bei VW fonctionnéiert. Den Tarraco steet op der laanger MQB-A-Plattform an ass am Fong de spueneschen Zwilling vu VW Tiguan Allspace oder Skoda Kodiaq, leeft och dofir zesumme mam Tiguan zu Wolfsburg vum Band.

A wat mécht beim Tarraco dann den Ennerscheed zu de Konzernbridder?
Ma virun allem den Design, an dat ass hinnen effektiv net schlecht gelong. Seat huet séng DNA gutt op den Tarraco iwwerdroen, e gesäit tatsächlech méi sportlech aus an hieft sech esouguer vun deenen anere Seat-SUV’en of. An dat huet och ee Grond; mat hirem neue Flaggschëff lauden d’Spuenier nämlech eng nei Design-Linn an. Dat gesäit ee besonnesch vir um Grill a bei de Luuchten, säitlech bleift et Seat-typesch sportlech an hanne fällt dat breet Luuchteband op. Bannenan dominéiert eng Dekorbaguette déi sech iwwert de ganzen Tableau zitt.

Designméisseg also dann awer anescht, wéi gesäit et technesch aus?
Hei kennt natirlech alles aus dem VW-Baukasten, eng speziell Seat-Opmaachung gellt just fir den digitale Cockpit an den Infotainment deen elo optional via ee groussefräistehende 8-Zoll Bildschirm fonctionnéiert. Wat den Tarraco trotzdem ennerscheede soll ass säi Fuerverhalen. Houfreg hu se vum sportlechste SUV a sénger Klass geschwat - dat hunn ech natirlech als Erausfuederung geholl an den Tarraco am spueneschen Hannerland duerch d’Kéiere gejot. An tatsächlech gefällt e mat gudder Stroosselaach an esouguer enger net ze liichter Steierung. De Sportmodus an 20-Zoll-Rieder sinn awer virausgesat, anerefalls maache sech den héighen Opbau an déi synthetesch Steierung bemierkbar. Och de Choix vum Motor spillt do mat. 150 PS sinn de Minimum, am Tarraco a Form vum 1.5 TSI awer ze knapp. Den TDI mécht dat duerch säin Dréihmoment besser, well och den 2.0 TSI mat 190 PS kennt séier u séng Grenzen. Dofir léiwer de gläich staarken Diesel mat DSG an Allrad huelen, wann och d’Automatik mat 2 Kupplungen sech nach emmer beim Ufuere schwéier deet an heiansdo beim zeréckschalten zéckt.

Mee bon, sportlech Ambitiounen huet ee beim Kaf vun engem grousse SUV meeschtens net. Ech denken hei wëll een éischter vill Plaz!
Eben, an déi bitt den Tarraco op 4m73 mat 5 oder 7 Plaze woubäi déi 2 ganz hanne wéi esou dacks just fir ganz kleng Passagéier zougänglech sinn. Verzicht een op déi 3. Sëtzreih, dann tréischt eng 760 Liter grouss Mall doriwwer ewech. An an de Reihen 1 an 2 ass souwisou Plaz wéi an der éischter Klass. Also absolut näischt ze meckeren. Just e besse méi fuerwege Pep a manner haarde schwaarze Plastik kéint ee sech wenschen, Am Alldag gefalen déi kleng Opmierksamkeeten wéi d’360 Grad-Kamera, den elektresche Mallendeckel oder déi nei Assistenzsystemer Emergency Assist a PreCrash Assist.

Wéi gesäit et dann präislech aus? Och quasi copy-paste VW a Skoda?
Dozou kann ech leider nach näischt soen wëll se nach amgaang sinn déi lëtzebuerger Tariffer auszerechnen. Ech ginn awer dovun aus dat en um Level vu séngem teschesche Brudder Skoda Kodiaq bleift, also tëscht 30 a 50.000 Euro. D’Bestellbicher ginn dann an deenen nächste Wochen op.
An ze kucke gëtt et den neie Seat Tarraco natierlech och. Dem Paul seng Fotoe an d’Präisser fannt der op auto.rtl.lu.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners