Automag

Automag, 06/06/2018


Listen Later

Kleng a wibbeleg, dat sinn déi Qualitéiten, déi en Auto idealerweis matbrénge muss, fir beim Serge eng gutt Zensur geschriwwen ze kréien. VW huet viru kuerzem säin neie Polo GTI op d’Strooss gelooss. Wéi kleng a wibbeleg ass deen dann?
Net méi esou kleng, och de Polo wiist vu Generatioun zu Generatioun. Aktuelle Modell 4m05, nëmmen nach 20 Zentimeter Respektofstand op de Golf. Well de Polo sech elo och am selwechte Baukasten wéi de Golf zervéiert, dierf en och deem seng Motoren notzen.
Ale Polo GTI hat nach eng 1800er Motor, déi nei Generatioun kritt eng ofgespéckte Versioun vum 2-Liter-Turbo-Bensinner vum Golf GTI. Ofgespéckt heescht: op 200 Päerd limitéiert.

200 Päerd am Polo, dat ass fir d’Wibbelegkeets-Wäertung awer ganz vill verspriechend?

Definitiv net ënnermotoriséiert… Sprint vun 0 op 100 dauert 6.7 Sekonnen, am Verglach: de Golf GTI mat 230 Päerd ass „nëmmen“ 3/10 méi séier.
Op der anerer Säit: de Polo GTI kinnt wahrscheinlech nach méi séier sprinten, mä d’DSG-Boite mécht do e Stréch duerch d’Rechnung. Si schalt relativ spéit, dréint d’Gäng also bis hannen hinner aus, an dann dauert de Schaltvirgang u sech och zimlech laang. Dat ass fir eng DSG-Boite relativ ongewinnt, et feelt da während enger klenger Sekonn awer un der néideger Kraaft fir dass et richteg viru goe kann. Ech giff emol behaapten, dass d’Ingenieuren dat esou agestallt hunn fir de Verbrauch ze drosselen. Mir hätte gären déi manuell Versioun probéiert, mä déi gëtt eréischt an den nächste Wochen ausgeliwwert.

Wéi wibbeleg ass de Polo GTI dann op der Strooss?
Déi néideg Ingrédienten: Adaptiivt Fuerwierk, 15 Milimeter méi déif geluecht, op Wonsch 18-Zoll-Rieder, eng elektresch Differentialspär… Chassis a Fuerwierk erméigleche wierklech sportlech Leeschtungen. Ech si vill op klenge Stroosse gefuer, gutt Traktioun, léisst sech präzis duerch d’Kéiere steieren… Et ass effektiv deen dynameschte Polo, dee VW bis elo op d’Rieder gestallt huet.
An awer… en huet et einfach net fäErdeg bruecht, fir mir ee Grinsen an d’Gesiicht ze zauberen. Du kriss als Chauffer relativ wéineg vun deem mat, wat den Auto alles kann. De Feeling an d‘Show misste bei esou enger Spillsaach fir mäi Gout einfach méi spektakulär sinn.

En ass also net esou sportlech wéis Du Dir dat erwaart hues?
Jein… vun de Leeschtungen hir, mécht de Polo wierklech e gudden Job, mä e verkeeft sech einfach schlecht. Et ass eben net nëmmen eng Saach vun der Stopauer, mä och vum Gefill…
Dat fänkt scho mat der Optik un. Vu bausse gesäit en éischter brav aus, d’Waben-Calendre, déi roud Sträif vir, de Spoiler hannen… déi richteg Usätz sinn do, mä wann en dann esou virun engem steet, gesäit en awer extrem brav aus. Et ass keen Auto, wou et schon am Gasfouss kribbelt, wannste en nëmme gesäis. Wat par contre ganz réusséiert ass, ass d’Karromuster fir d’Sëtzer.
Seng zwee gréisste Konkurrenten, de Peugeot 208 GTI by Peugeot Sport, an den neie Ford Fiesta ST, déi si vläicht am Detail net esou soignéiert, si si sécher manner confortabel, mä si ginn der Roll vum klenge Sportler einfach méi gerecht, si maachen einfach méi Spaass.

Also e gemëschte Bilan ?
En Auto fir Polo-Clienten deenen déi 115 Päerd vu bis elo net duerginn. De GTI kascht 26‘700€, par rapport zum stäerksten Polo vu bis elo ass dat e Plus vu 5‘000€. Dat ass net geschenkt, mä passt awer duerchaus an d’VW-Präispolitik. D’Konkurrente vu Ford a Peugeot leien do präislech och net esouwäit aus de Féiss.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners