R T L Automag
Samschdeg: 06.10.2018
LIVE vun Paräis um 13.45h
U S O :
...an da schalten mir elo mol op Paräis. Do ass et jo am Moment de Rendez-vous mat de Nouveautéiten aus der Automobil Branche.
Vill Marquen dréinen déi Kéier dem Salon de Réck, ass dee Salon Mondial de l’Auto un der Seine dann awer nach e Publikum ‘s Magnéit?
De Christian Schmit ass fir äis op der Expo Porte de Versailles . Tjo, wéi gesäit et dann aus haut um éischte Weekend fir de Public mat de Visiteuren? Top oder Flop?
T E X T :
- Gudde Mëtteg live hei vun Parais. De Salon Mondial Auto ass nach ëmmer zimlech impressionant, iwregens och deen eelsten Autosalon iwwerhapt. Och wann eng gutt Partie Marquen effektiv nett un der Seine vertruede sinn.
- Bon dat ass awer kee spezielle Phénomène fir Paräis. Och aner Salonen a Foiren hunn hir Méi mat den Exposanten déi wech bleiwen.
- Zur Fro Top oder Flop: …………………………………………………………………………………………………………………………………………………..
-
- Also fir déi di weenst den Top Marquen mat ganz vill Power a Luxus kommen. Déi ginn zerwéiert, Dream Cars stinn hei am Scheinwerferliicht, an si ganz beléift fir Selfien.
- Et sinn jo éischter méi buedemstänneg Marquen déi décidéiert hunn Paräis faalen ze loossen. Voir, Nissan, Opel, Fiat, Mazda, VW oder Volvo…
- .
-
- Et heescht emdenken , an dat huet een hei zu Parais gemach. Beispill, leschte Sonndeg gouf et eng Parade mat Oldtimer aus 120 Joer Automobilgeschicht queesch duerch Parais.
- Et gett e Centre d’essais mat deene Marquen déi alternativ Energiequellen ubidden. Dat op der Place de la Concorde. Do kann een Elektro, Hybrid, a Waasserstoffautoen op der Plaz testen.
- Natierlech gett och hei um Salon op Schrëtt an Trëtt op d’Elektromobilitéit gesat. Just mat deem Emsetzen well dat nett klappen. Och a Frankraich leit wéi an Daitschland oder bei äis weit hannert den Erwaardungen zereck…
- Anert Beispill et gett op Innovatioun gesat mat Mondial Tec. All d’Acteuren aus der Mobilitéit hunn sech do Rendez-vous ginn fir dass et och muer nach rullt. „Fluide“ fir jidereen…
-
- Speaker: Les absents ont toujours tort , wéi et esou schéin op franséisch heescht?
-
- Gutt Fro, bon wien elo mengt d’Chinesen géifen elo di Lächer fellen leit falsch. Just GAC ass an den Hexagone un d’Seine gereest mat am Gepäck engem SUV, wat soss, awer ganz vagen Aussoen wéini een dann elo den europäesche Marché eruewere well.
- Mat Vinfast ass awer och eng éischte Kéier e vietnameseschen Konstrukteur dobai..wann och mat sougenannte Concept Cars.
- Därer gin och bei Peugeot a Renault bewonnert. Mat der Renconciliatioun vum 504 Coupé, oder den EZ Ultimo, den ultra groussen Luxusliner deen ganz ouni Chauffeur auskennt. Zukunftsmusek!
-
- Speaker: Vlaicht och nach eppes aus der Kategorie „ludique“
-
- Majo Laurent, ganz originell, de Mini Moke aus de 1960er Joren ass erm do. De Genre Buggy, elo awer reng elektresch ugedriwwen
- .Mam Partner LEGO kann een hei um Site en Bugatti bewonneren deen schon impressionant ass, an aus …………………………Lego Stecker zesummegesat gouf.
- A well jo dann manner Marquen hei ausstellen, notzen d’Familjen d’Geleenheet fir d’Expo déi emmer parallel mam Salon Mondial de l’Auto leeft kucken ze goen. Déi Kéier mam Thema „Les routes mythiques“
-
Speaker: Merci Christian, dir dann nach vill Spaass zu Paräis. Jo a wann dir och elo Loscht krut do ze passéieren, bis e Sonndeg 8 Deeg huet ee nach Geleenheet.
Um Mondial Paris Motor Show der Porte de Versailles.