Jo de Karoq iwerhellt d’Roll vum Modell Yeti am Programm vun Skoda.. Dee quadratesch prakteschen Gesell verschwënnt aus dem Showroom a mécht Plaz fir dee Neien. Dee gläicht op den éischte Bleck sengem grousse Brudder de Kodiaq, ass awer mat 4m 38 e gutt Stéck méi kuerz.
Dat passt besser zu enke Lëtzebuerger Parkplazen oder Sous-terrain, a souwisou brauch jo nett jiddereen en 7 Sëtzer.
VW Family, dat ass eng grouss, an tëscht huet e jo de Choix an deem Segment vun klengen SUV?
Du hues den Tiguan aus däitscher Produktioun, Ateca aus spuenescher, oder eben Karoq. aus Tschechien. Chacun son goût.
Déi Kéier fänke mir mol mam Moteur un, deen ass komplett nei. Downsizing oblige, e 1500er Turbo Bensiner deen 150 PS leescht.
A mir hunn fest gestallt dass dat am Alldag deck duer geet. Bei 1500 Touren sinn et 250Nm Dréimoment, de Chrono op 100 bleift bei ënner 9 Sekonne stoen, an bei 200 km/h Spëtzevitesse gëtt et och näischt ze meckeren.
Akustesch ass déi Motrice zwar ëmmer présent, ouni awer elo lästeg ze wierken.
Eco a Sport Modus sinn méiglech, an jee no Temperament Uspréch hunn 2 vun 4 Zylinder Paus. Eng Zylinderabschaltung.
Optesch krit de Chauffeur dat um Tableau de bord affichéiert, an dat soll sech jo och positiv op de Verbrauch auswierken
Bon vu dass eisen Testauto grad mol 270km erof hat wéi mir äis kenne geléiert hunn, variéiert de Konsum jo meeschtens nach. Hoffentlech, well déi 8,5 op 100 Kilometer, ouni de Karoq wierklech gestriizt ze hunn, an eleng u Bord, schéngen mir dach héich.
Vun deene 5,5 Liter déi de Constructeur versprécht, ganz weit ewech, an den tschecheschen SUV hat just eng 4 X 2 Traktioun ze bidden.
Déi ass komescherweis just a Kombinatioun mat den Turbodieselen méiglech. Firwat bleift wuel d’Rätsel vun Skoda.
Op elo 4 X 2 oder 4 X 4, ze recommandéieren an all Euro Opräiss wäert ass DSG Boîte. Schalt ganz harmonesch an schrauft de souwisou schonn agréabelen Fuer Confort no uewen. Dat gëllt och fir d’Sëtzer.
Och op laangen Distanzen mécht de Karoq eng gutt Figur?
Jo duerchaus. De Karoq fiert sech ganz manéierlech, d’Amaturebried ass opgeraumt, an all Schalteren leien gutt accessibel fir deen hannert dem Volant. Och a punkto Verarbechtung gëtt et eng gutt Zensur, Fonctionel a komfortabel vun agréabler Qualitéit.
Och wien an der zweeter Rei mat fiert kann sech et gemittlech maachen. Beim Réck vun der hënneschter Setzrei léisst sech de Neigungs Wénkel individuell verstellen, an Topversioun Style proposéiert eng Lieder / Stoff Kombinatioun a Stzheizung vir an hannen, fir deen dee well..
An d’Mal passen 520 Liter, dat misst duergoen fir d’Bagagen, soss einfach d ‘Setzer ëmleeën. An hei gouf et schonn méi clever Léisungen. Déi Schlaufen fir d’Sëtzer ze beweegen sinn e bësschen ëmständlech. A jo wann de Familjebudget et erlaabt, dann sollt ee sech och nach den elektreschen Malldeckel gönnen.
Hautzedaags jo och emmen Thema. Wat gëtt un Assistenz Systemer, an Infotainment gebueden?
A punkto Assistenz Systemer sinn d’Hausaufgaben gemaach, en Assistent fir d’Spuer ze halen, adaptiven Tempomat mat Noutbrems Funktioun, an de Karoq erkennt och op e Gefier am doudege Wénkel ass. Bei Infotainment a Connectioun ass een och up to date.
Tjo esou e gutt ausstafféiert VW Regal, wou ee sech zerwéieren dierf, huet natierlech Virdeeler.
Schloen mir nach d’Kapitel Präis op. Den Skoda Karoq vun Mlada Boleslav aus techeschecher Produktioun als 1.5 TSI Style kennt an der Lëscht op 30 160 Euro. Mee ouni sech grouss bei den Extraen ze defouléieren da land ee séier bei iwwer 35 000 Euro, fir eisen top équipéierten Testauto schonn éischter 38 000 Euro...
Tjo tjo...wien nach mengt, Skoda = déi bëlleg Alternativ zu VW, dat ass schonn laang nett méi de Fall. Trotzdem vill Auto fir d’Geld...
Ok, de Skoda Karoq Fotoen vum Skoda Karoq ze gesinn op www.auto.rtl.lu