Paul, nom Ateca bréngt Seat elo hiren zweete SUV eraus – den Arona!
Jo, déi grouss SUV’en verléieren e bessen u Succès – obwuel een de Moment anscheinend ganz laang op een Ateca waarde muss - dofir boomt d’Segment A0, also dat vun deene klengen. Vun 2010 – 2016 ass dat Segment nämlech em 700 % gewuess a quasi all Mark ass do mat engem Modell vertrueden; zum Beispill Audi Q2, Fiat 500X, Honda HRV, Mazda CX-3, Jeep Renegade, Kia Stonic, Nissan Juke an et ginn der emmer méi. Kloer dat do Seat och matmësche wëll!
An dofir muss jo bekanntlech de Look stëmmen!
Dat ass richteg. An do hu se bei Seat och gutt geschafft. Den Arona gesäit flott aus, knackeg a muskulös, esou wéi een sech dat vun engem SUV erwaart. Kloer, vir an hannen hu mer den typesche Seat-Look, esou wéi den Ateca am klengen, mee net onbedéngt einfach nëmmen een héichgeluechten Ibiza. Zemols vun der Säit fält engem d’Taille op déi no hannen stäil eropgeet a mat engem opfällegen Emblem d’Grenz zum Daach mecht. Deen ass nämlech och an anere Faarwen ze kréien; schwaarz, gro oder orange a mecht esou bis zu 68 Kombinatioune méiglech. Haut wëll jo jiddereen säi personnaliséierte Look!
An dat ass och bannendran esou?
Zum Deel jo; och hei soll e kënnen d’Fuerf vun der Dekorsträif aus Konschtlieder um Tableau auswiele kënnen. Am Konfigurator hunn ech déi Méiglechkeet awer net fonnt. Bon, huet mech elo net dermosse gestéiert. Dat Seat och Sue verdénge wëll beweist den Tableau deen tel quel aus dem Ibiza iwwerholl gouf – muss jo net schlecht sinn, mee e bësse Pep hätt dem Intérieur gutt gedoen. Positiv fält de Bilan bei der Plaz aus; den technesche Brudder Ibiza ass jo mat der neier Plattform MQB-A0 e gutt Stéck méi geraimeg a genee dat gëllt och fir den Arona. Et sëtzt een vir wéi hannen erstaunlech konfortabel, esouguer d’Kappfräiheet ass hannen tiptop. An natirlech, firwat mer jo een SUV kafen, dat sinn am Fall vum Arona 19 cm méi Buedemfräiheet déi ee méi héich sëtze lossen. An, last but not least, 400 Liter Mall sinn der zwar 55 manner wéi am Ibiza, verglach mat der Konkurrenz awer ganz uerdentlech.
Méi Buedemfräiheet, Offroad-Look – trotzdem keen Auto fir an d’Gelänn?
Nee, definitiv net, a fir déi Zwecker wäert och keen den Arona kafen. Dofir gëtt et dann och keen Allradundriw.
Wou mer scho beim Undriw sinn – wéi fiert sech de Mini-Ateca dann?
Do muss ech jo zouginn, dat ech mer bei dëser Kategorie Auto net emmer zevill erwaarden; dacks muss wéngt dem héighe Schwéierpunkt d’Fiederung stramm ausgeluecht ginn, respektiv d’Steierung geet ze liicht etc. Beim Arona ass dat net esou. Eng erstaunlech gutt Stroosselaach, net ze stramm gefiedert a keng zevill synthetesch Steierung – et huet nawell vill Spaass gemaach dee klenge SUV ronderem Barcelona duerch d’Kéieren ze schaichen. Am Extremfall dréckt en e bessen iwwert déi viischt Rieder, bleift awer emmer fäin a beherrschbar. D’Motoregamm ass natirlech bekannt; mir hate fir d’éischt den Diesel mat 115 Päerd an DSG; dréihmomentstark a spuersam, akustesch natirlech e bësse méi präsent awer zesumme mat der DSG eng gutt Allround-Motorisatioun. Méi sportlech a méi spaasseg war den décke Bensinner mat 150 Päerd an Handschaltung am Topmodell FR – méi brauch ee wierklech net. Bestëmmt geet och schon den 1.0 TSI 3-Zylinder mat 115 PS duer, leider konnte mer deen awer net fueren.
A punkto Technologie wäert den Arona och villes vum Ibiza iwwerhuelen?
Jo, dat schonn. Zum engen sinn et d’Assistenzsystemer déi Oppräis kaschten an op déi ech elo awer net nach eng Kéier well agoen. Spéider kënnt dann nach als Optioun een digitalen Tableau. An eppes ganz neies wäert och am Arona Première feieren – d’Amazon Alexa kënnt elo och an den Auto. Wien dat brauch... Méi interessant fannen ech dann d’Audio-Anlag vu Beats mat 300W, dat klengt wierklech gutt a kascht mat 475 Euro och net ze deier. Jo, an da ginn ech emol direkt bei d’Präislëschte virun; ab 15.375 Euro kritt een den Arona, dann allerdéngs an der Basisversioun Référence mat ellene schwaarze Stolfelgen. Chic an Hip wéi och eis Testautoen an der Versioun Xcellence mat Metallic-Faarf, Navi, Soundsystem etc kënnt een dann op ronn 24.000. Gesinn a bestelle kann een den Arona elo schonn, aner Motore a Versioune kommen nach no.
An dem Paul séng Fotogallerie esou wéi och d’Präisser vun alle Versioune vum Seat Arona fannt der wéi emmer op auto.rtl.lu.