Paul, an do interesséiert eis haptsächlech wat ennert dem Blech geschitt ass!
Dat ass och gutt, well ofgesi vunn e puer Ännerunge baussen a bannen huet sech den Outlander net vill verännert. Dofir awer säin Undriw. Mitsubishi huet jo viru kuerzem d’Produktioun vum éiwege Flaggscheff Pajero gestoppt, elo trëtt den Outlander an deem séng Plaz an zwar als PHEV. Wat heescht dat? Ennert dem Capot stiechen zwee Häerzer; een 135 PS Bensinner, elo vun 2 op 2,4 Liter Hubraum gewuess an direkt niewendrun e Generator fir d’Batterien opzelueden. Allebéid hunn em 10% u Kapazitéit zougeluecht a versuergen via Batterie zwee Elektromotoren, un all Achs een mat enger Leeschtung vun elo 82 PS amplaz 75.
Esouvill zur Technik - wéi fonktionnéiert déi am Outlander?
Et ginn 3 Fuermodi; prioritär soll den Outlander elektresch fueren. Dat kann en och maximal 46 km wäit a bis zu 135 km an der Stonn. Ginn d’ Batterien zu Enn, da schalt en an de serielle Modus, dat heescht de Bensinner spréngt un a lued d’Batterien esou dat emmer nach kann elektresch gefuer ginn. Soll et awer méi séier virugoen, sprech et gett Leeschtung gebraucht, da gi mer an de Parallel-Modus wou de Bensinner mat undreift.
Dat hues du bestemmt och getest!
Kloer. Elektresch fueren ass mam Outlander richteg entspanend. Bei dat geräischlost Fueren passt déi schmuseg Fiederung wéi Hollandaise bei Spargelen, den Elektroundriw bitt genuch Dréihmoment, déi beléiften héich Setzpositioun ass tiptop, just dierf de Bäifuerer keng laang Been hunn, soss kann e séng Knéien an der Hänschekëscht parken. An trotz 4-eckegem a prakteschem Design ass hannen d’Kappfräiheet erstaunlech schappeg. Och a Saache Multimedia ass den Outlander zimlech hannendran.
Also net alles perfekt?
Nee leider net an och alles Défauten déi de Virgänger schonn hat. Dofir huet Mitsubishi d’Zesummespill tescht Elektro a Verbrenner perfekt am Grëff. De Wiessel ass esou diskret dat ee just um Tableau gesäit wéini grad ween am Déngscht ass. Et sief, et ass ee presséiert, da mellt den Outlander dat em eppes guer net läit: Sport! D’CVT-Boîte léisst de Motor ophaulen ouni dat et awer wierklech virugeet. Vun 240 PS Systemleeschtung ass dee Moment näischt ze spieren, besonnesch wann d’Batterie eidel ass. Nee, den Outlander PHEV ass definitiv de gemittleche Cruiser. Firwat Mitsubishi em nach e Sport-Knäppche verpasst huet fannen ech dowéngt och paradox. Wëll am Alldag mécht en eng gutt Figur, besonnesch Stadverkéier a kuerz Strecke leien him. Wann ee wëll geet dat voll elektresch, extern oplueden dauert mat 4 - 8 Stonnen just zimlech laang.
Kann een mam Outlander dann awer ekologesch ennerwee sinn a Sue spueren?
Jo an nee - schliesslech kascht de Stroum jo och eppes. An trotz Rekuperatioun brauch den Outlander wéngt séngem Gewiicht a Gabarit relativ vill Batteriekapazitéit esou dat de Verbrenner zimlech séier an den Asaz muss. Um Pabeier versprecht Mitsubishi 2 Liter, an engem Praxistest wäerte mer erausfanne wat d’Realitéit ass. Dofir muss ee beim Kaf net allzedéif an d’Täsch gräifen. Mitsubishi huet nämlech d’Präisser fir de Facelift em 5 - 6000 Euro erofgesat esou dat den Outlander schonn enner 40.000 Euro start. Verglach mat der zimlech klenger Konkurrenz kléngt dat schonn interessant.
An d’Fotogallerie genee wéi d’Präisser vum Mitsubishi Outlander fannt der op auto.rtl.lu