Automag

Automag, 09/05/2018


Listen Later

Quizfro : X1, X3, X4, X5, X6… Wéi eng Modellbezeechnung feelt hei? Iwwert wat fir ee BMW schwätze mir haut wuel? Klengen Tipp: et ass net den X7!

X2! Esoulues gi BMW d’Bezeechnungen aus, an iergendwéi hunn se zu München viru Joeren de Marché fir kleng SUV’en wuel falsch ageschat. Well X2 läit gréissteméisseg NET tëscht X1 an X3 wéi een op den éischte Bléck menge kinnt, mä et ass de dee KLENGE Brudder vum X1! Et ass déi selwecht virgedriwwe Plattform, mä den X2 ass 7 Zentimeter méi kuerz an 8 Zentimeter méi niddereg.
Mä well se deen neie Modell wahrscheinlech net X0 deefe wollten, mussen d’Uerdnungsfanatiker bei BMW elo domatter liewen, dass hir X-Modeller net méi perfekt der Gréisst no sortéiert sinn…

Esouvill zum Thema däitsch Uerdung… Wéi uerdentlech hunn d’Designer da geschafft?
Mir gefält en… Et ass quasi d’Coupé-Versioun vum X1, also méi flaach, méi niddereg… Och soss gesäit e wesentlech méi sportlech an dynamesch aus. D’Schnëss ass zimlech aggressiv geroden, den Hënneschten ass wierklech knackeg-kompakt… Dat eenuzegt wou een diskutéierte kann, dat ass de BMW-Logo hanne säitlech op der C-Säil. Wa Maserati dat mam Dräizack mécht ass dat stilvoll, mä beim BMW-Propeller gesäit e bësse vill verspillt aus.

 Wéi verspillt ass den X2 da bannendran?
Typeschen BMW-Intérieur, also ganz chaufferzentréiert. Bei der Finitioun huet BMW zeréck bei al Qualitéite fonnt, den X2 ass beispillsweis besser verschafft wéi den aktuellen 1er. Vermësst hunn ech awer dee groussen Naviécran, deen een aus méi grousse BMW-Modeller kennt. Mir haten d’All-In-Versioun, do war de ganzen Intérieur mat gielen Néit gebutt, passend zur neier Baussefaarw galvanic Gold. Also dat huet alles flott ausgesinn.

Dat wat schéin ausgesäit, ass awer net ëmmer besonnesch praktesch. Wanns Du vun enger zimlech niddereger Karosserie schwätzt, fäerten ech schon dat schlëmmst?
Et ass e klengen Auto, do gëtt et effektiv näischt ze diskutéieren. Bannen ass dann och alles eng Nummer méi enk, eben sportlech kompakt. Vir ass d’Raumgefill nach ok, mä hannen hunn ech mech e bëssen ageenkt gefillt. Et huet een zwar nach genuch Plaz, mä well d’Fënstere zimlech schmuel sinn, fillt een sech e bëssen agespaart. Och d’Mall ass net wierklech grouss...
E weideren Nodeel vun de klenge Fënsteren, et gesäit ee schlecht eraus.

Ofgesi vun der Visibilitéit, wéi fiert sech den X2?
En huet mir wierklech Spaass gemaach. E läit straff op der Strooss, d’Lenkung ass direkt, mä en ass net iwwerdriwwen haart. Beim Confort muss e kleng Ofstrécher maachen, mä et ass nach alles am grénge Beräich. Et ass awer definitiv keen Auto fir graff Feldweeër, dofir läit en einfach ze niddereg. E fiert sech eigentlech net wéi e SUV. Den Diesel mat 190 Päerd an d’8-Gang-Automatik si scho bekannt, déi brauch ech hei net nach emol ze luewen.

Du klengs éischter iwwerzeegt vum Auto?
Jo, mir gefält en, mä de Problem ass, dass ech net déi typesch Clientèle fir esou Autoen sinn. Et ass e Lifestyle-Mobil, an dat léisst BMW sech deier bezuelen. Den 20d xdrive Allrad kascht Basis beispillsweis 40‘500 Euro. Den 3er Touring mam selwechte Motor kascht mol net 1‘000 Euro méi an ass definitiv dee méi prakteschen Auto mat méi Plaz. Oder den 1er mam selwechte Motor, zwar manner stylesch mä net manner praktesch, deen ass 7‘000 Euro méi bëlleg…  X2 ass  flott, mä komplett onverstänneg. Wéi iwwregens déi meescht SUV’en…
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners