Mat 6 Minutten 23 Sekonnen, eng vun de längste Singelen déi je erauskoum - whatever vun Oasis - dat Lidd dat net ophale wëllt - mir ginn awer awer lo no gutt 4 Minutten dezent eraus aus dem Lidd - ran an ee neien Auto...
Wann ech „Subaru Impreza“ héieren, do denken ech direkt un de Colin McRae, gëlle Felgen, bloe Lack, an e grousse Camping-Dësch-Spoiler…
Déi Zäite si leider eriwwer… Enn Dezember huet Subaru näämlech ugekënnegt, dass de WRX STI an Zukunft net méi an Europa verkaaft gëtt. Mir hunn also net d’Sportversioun mä déi ganz zivil Versioun vum neien Impreza probéiert.
Ouni grousse Spoiler, ouni gëlle Felgen an ouni sensationelle 2,5-Liter-Boxermotor ?
En gesäit ganz brav aus, an ass dann och ganz brav motoriséiert. Eenzege Motor ass e 1600er 4-Zylinder-Bensinner, natierlech als Boxer, mat 114 Päerd. Den 2-Liter-Bensinner, deen et a verschidde Länner gëtt, steet bei eis awer net an der Präislëscht.
Net nëmmen de Boxer gehéiert einfach zu Subaru, och den Allrad ass natierlech bei dëser Mark ëmmer serieméisseg. Eigentlech hunn se bei Subaru och ganz gutt manuell Boiten, awer den neien Impreza kënnt d’office mat enger stufenloser CVT-Automatik…
Oh oh… Domatter hat den Impreza bei Dir da scho mol schlecht Kaarten?
Fir unzefänken: de 1600er Motor huet mech positiv iwwerrascht. Mat 114 Päerd rappt ee keng Beem aus, mä en ass zimlech lafroueg, mécht kee Kaméidi a vibréiert net.
Mä bon, d’CVT-Boite ass natierlech de grousse Spassverdiewer. Wann een eng Kéier Vollgas gëtt (beispillsweis fir op eng Autobunn erop ze fueren), dann dréint d’Automatik bis kuerz virun de roude Beräich… De Motor huerelt, et huet ee scho bal Matleed.
Wann een awer gemittlech ronderëm rullt, da mécht d’Boite awer e ganz korrekten Job…
Wéi ass d’Stroosselag dann? Eischter gemittlech confortabel oder sportlech häerzhaft?
Definitiv confortabel! Am Verglach mam Virgänger läit den neien Impreza definitiv méi stabel op der Strooss. Mä dovunner kritt een als Chauffer net vill mat. Et ass een esou isoléiert, dass ee kaum Réckmeldung kritt… Dat ass schued, ech mengen den Impreza giff sech ganz flott fueren, wann de Feedback besser wier. Mä op d’mannst ass de Confort esou wierklech gutt.
Mir hunn nach guer net doriwwer geschwat, wéi den neien Impreza ausgesäit, ausser dass e keng gëlle Felgen huet…
Bei eis ass et e 5-Dierer, d’Limousine gëtt net an Europa verkaaft. Wat de Look ugeet… et ass iergendwéi typesch japanesch pragmatesch. Dat heescht et gëtt definitiv keen Designpräis dofir, en ass éischter onopfälleg, net ellen, näischt wat wéi deet, awer och näischt wou een sech an 20 Joer nach drun erënnere giff…
A wat gesäit ee bannendran ? Premium oder Plastik?
Och do japanesch Pragmatismus… vill schwaarz, en harmonesche Materialmix vu lackéierte Plastik iwwert Fake-Karbon… definitiv kee Premium awer och net bëlleg.
De Sëtzconfort vir geet an d’Rei, hannen muss een e puer Ofstrécher maachen. Been a Kappfräiheet sinn ok, mä d’Sëtzfläsch ass zimlech kuerz an de Säitenhalt ass schlecht.
Däi Schlussverdict?
Um Ufank war ech net begeeschtert dovunner, ästhetesch an och vum Fueren hir éischter langweileg, mä déi wichtegst Qualitéit hunn ech eréischt am Laf vum Test entdeckt: et ass en extrem onkomplizéierten Auto, an dat ass haut wierklech net evident. En ass einfach ze bedéngen, duerch déi grouss Fënstere gesäit ee wierklech gutt eraus, déi ganz Sécherheets-Systemer maachen een net méi duerchernee wéi se engem hëllefen… Dat kléngt elo banal, mä ech fuere vill Autoen, déi méi flott ausgesinn, oder méi flott ze fuere sinn, mä déi am Ëmgang wierklech komplizéiert sinn. Do ass den Impreza wierklech eng agreabel Ofwiesslung, déi mat Präisser tëscht 20 a 27‘000 Euro och nach abordabel ass…