An haut soe mer enger weiderer Traditiounsmark äddi – Lancia ass nämlech vum lëtzebuerger Marché verschwonn – Zäit fir e klenge Réckbléck.
Paul et war esouzesoen ee schläichenden Dout?
Jo, absolut. Et ass mer besonnesch emmer dann opgefall wann ech um Festivalsdossier geschafft hunn – bei Lancia huet sech dann d’Fro nees gestallt: kritt den eenzege Modell Ypsilon säin xte Facelift oder ass et elo eriwwer? Och bei FCA, dem Mammenhaus Fiat Chrysler gouf sech net grouss iwwert d’Zukunft vu Lancia geäußert, och emol net wéi et elo geheescht huet: et ass fäerdeg.
Wierklech traureg well Lancia ass jo awer eng Marque mat Geschicht!
Genee, an eng Marque déi jidderee kennt. Mee zu Lëtzebuerg ass d’Communautéit relativ kleng, op jidde Fall halen sech d’Lancia-Fans zeréck. Et gëtt kee Club a bei Oldtimerevents trëfft een heiansdo mol eng Fulvia oder en Delta Integrale – dat war et. Ech hunn trotzdem e begeeschterte Lancia-Fuerer fonnt – den Oli Marin ass scho vu Kandhem un e grousse Fan a sot mer och firwat:
Cut 01 (2017_RIPLancia_01FirwatLancia) 50”
Am Fong keng immens al Autosmark?
Bon, emmerhinn gouf Lancia schonn 1906 gegrënnt an zwar vum Vincenzo Lancia, dee wéi vill aner bedaitend italienesch Autobauer, sief et d’Gebridder Maserati oder den Enzo Ferrari bei Fiat geschafft hunn. Fiat huet dann 1969 Lancia iwwerholl.
Mee bis dohinner hate si immens vill technesch Innovatioune bruecht!
Jo, an dat weess haut kaum een. Zum Beispill koum mam Theta 1905 deen éischten Auto mat serieméisseg engem kompletten elektresche System eraus, 1923 am Lancia Lambda déi éischt selwerdroend Karosserie an d’Eeenzelradophänk vir, 1948 déi éischt 5-Gang-Boîte am Ardea an och bei de Motore war Lancia dacks Pionéier – 1950 koum deen éischte V6 am Aurelia an och e ganz spezielle 4-Zylinder hate si erfonnt.
Cut 02 (2017_RIPLancia_02Typesch) 21”
Jo, d’Technik stoung emmer am Virgrond an dat huet nun eben och säi Präis.
Cut 03 (2017_RIPLancia_02bPräis) 24”
Obwuel et jo och Zäite gouf wou si vill Sue verdéngt hunn, zum Beispill am Rallyesport!
Genee, an dat ass déi Associatioun déi wahrscheinlech am meeschte gemaacht gëtt. Seet ee Lancia, da falen engem direkt Fulvia, Stratos an Delta Integrale an. Déi 2 läscht hunn dann och am ganzen 9 mol Lancia den Titel vum Champion bei de Constructeuren abruecht. A vill bekannte Rallyechauffeuren souzen hannert dem Steier, Juha Kankkunen, Miki Biasion, Didier Auriol, Walter Röhrl, Henri Toivonen – all si a vill aner stounge mat Lancia um Podium.
An dat huet hinnen eng grouss Fangemeinschaft abruecht!
Enorm, et brauch ee just ze nozesichen wat déi Autoen haut gehandelt ginn. Mee d’Fans goufen och dacks widdert de Kapp gestouss. D’Iwwernahm vu Fiat war zum Beispill net jidderengem sénges. Och Marketingstrategien wéi den Tipo 4, de Gemeinschaftsprojet mat Saab, Fiat an Alfa wou de Lancia Thema gebuer gouf, hat mat der eigentlecher Philosophie vu Lancia net méi vill um Hutt. Och déi nei Generatioune vum Delta konnten d’Fans net begeeschteren. Nodeems déi hypermodern Luxuslimousine Thesis mat sénger immens deirer Entwécklung d’Keesen eidelgemaach hat koum mam Kaf vu Chrysler duerch Fiat den Ufank vum Schluss. Voyager, 300M a Sebring kruten op emol de Lancia-Logo opgepecht – dat war den totalen No-Go.
Cut 04 (2017_RIPLancia_05Présent&Zukunft) 25”
D’Hoffnung stierwt jo als läscht – esou huet sech an Italien eng onofhängeg Grupp vun Enthousiasten zesummegedoen a “SaveLancia” gegrënnt; hei gëtt och scho vun engem Delta-Nofolger gemunkelt – ween dem Italienesche mächteg ass, dee ka gär mol op www.savelancia.it laanschtsurfen.