1,1 Millioune mol verkaf! Dee viru 7 Joer lancéierten Audi Q3 ka sech iwwer Succès net bekloen. Elo ass et awer Zäit fir déi zweet Generatioun. De Paul Origer ass de ganz neie Q3 gefuer.
An deen huet schonn direkt emol optesch näischt méi mam Virgänger ze dinn?
Absolut. Wat virdru ronn war, ass elo eckeg. Besonnesch opfälleg ass déi betounte Schëllerlinn an deen entretemps typesche Oktogonalgrill deen ausgesäit wéi wann en alles wéilt opfriesse wat em an de Wee kënnt. An da ginn et wéi üblech nees vill Fake-Blenden fir Entlëftung an Auspuff. Hanne sinn d’Luuchte gedeelt a ginn net méi integral mam Mallendeckel op, am grousse ganzen ass den Design awer gutt gelong; de Q3 wierkt vill manner verspillt a follegt dem Stil vun deene läschten Neiegkeeten aus Ingolstadt. Dat gëllt och fir bannenan, do dominéiert déi digital Welt fir Instrumenter an Infotainment, wann ee vill Suen investéiert, dann ass ee bal um Niveau vun A8 a Co. Dat huet awer leider och Nodeeler; zevill Fonktiounen heescht heiansdo laang sichen a laang ofgelenkt sinn. An net alles ass ergonomesch perfekt oder firwat verstoppen se de Volumeknäppchen ënnen an der Mëttelkonsol? D’Verarbechtung ass dofir wéi gewinnt top, op Wonsch esouguer mat fwaarwegem Pep a Form vun enger Alcantara-Sträif am Tableau - dat gefällt mer!
Deen zweetklengsten Audi-SUV huet awer och e Sprong gemaach!
Genee an zwar an de Moossen; bal 10 cm méi laang a knapp 2 cm méi breet, dat bréngt banne gefillt eng Klass méi Raum, ech setzen - anescht wéi beim Virgänger - vir an hanne wierklech gutt! D’Mall léisst sech duerch eng variabel Réckbänk komplett upassen; 215 l passen elo méi eran, also am ganzen tescht 530 a 1525 Liter.
Fir den Alldagsgebrauch also brauchbar Argumenter! Wat kritt de Chauffer da gebueden?
Fir d’éischt emol eng exzellent Sëtzpositioun, am bäschten natirlech mat den optionale Sportsetzer. Och flott; den Tableau ass elo méi dem Chauffer zougedréint, dofir gesäit de Bäifuerer net méi esou gutt op den Navi well dee bei Sonn liicht spigelt. Ganz nei a mäi Favorit an der Optiounslëscht ass de fuschneie Bang&Olufsen Soundsystem mat 15 Boxen fir esouguer enner 1000 Euro. Mee komm mer gi mol op d’Strooss; wann een op Sportfuerwierk an 20- Zoll-Schlappe verzicht, da fiedert de Q3 manéierlech a confortabel ouni ze schaukelen. D’Steierung ass allerdéngs zimlech liicht a mat wéinig Feedback, am Dynamic-Modus ass et besser. Jiddefalls mecht dee klenge Q3 séng Saach quasi esou gutt wéi séng grouss Bridder, do kënnt deen een oder anere Q5-Client fläit un d’Iwwerleen kommen.
Och bei de Motoren?
U Leeschtung feelt et net; tescht 150 an 230 PS stinn zur Wiel, am Ufank 2 Bensinner an 2 Diesel. De 1500er Bensinner krut elo ee Partikelfilter a geet mat 150 PS eigentlech duer, gefällt en plus mat Lafrouh an Dréihfreed. Déi nei S-tronic mécht hir Saach och gutt, eng Ufuerschwächt bleift awer nach emmer. Idem fir de gläich starken TDI mat manueller Boîte deem säi Start-Stopp ze fréih de Motor ausschalt. Op der Autobunn dierf et awer gär de Motor driwwer mat 190 PS sinn.
Besonnesch mat villen Optiounen!
Déi och vill Sue kaschten. Déi lëtzebuerger Präisser si se nach amgaang ze rechnen, ënner 30.000 Euro kritt een de Q3 bestëmmt net, éischter 40.000 a méi wäerte fir genuch PS an e puer Annehmlechkeete um Kontrakt stoen. Mee dat ass bei Audi jo näischt neits.
A bis déi genee Präisser online sinn kënnt der ierch schon dem Paul séng Fotoen ukucken: auto.rtl.lu.