Uso:
Ludo Space, dat ass eng Kategorie Auto déi vun der Marque Citroën 1996 creéiert gouf. Dat mam Modell Berlingo. Aus engem Utilitaire ass e prakteschen klenge Van mat vill Plaz fir 5 Persounen entstan. Elo steet déi 3. Generatioun an de Startlächer. De Christian Schmit ass bei mir, an du war’s fir äis op der Presentatioun...
... jo an dat an enger charmanter Géigend eng Autostonn vun Paräis am Département Yvelines. “We didn’t invent the Family, but we’ve the car who goes with it, iwwersat, mir hunn zwar nett d’Famill erfonnt, mee dee passenden Auto derfir.
Effektiv ass esou e Berlingo ganz beléift. Meescht verkaaften Modell a senger Kategorie a 17 Länner. Et ass dat wat eis däitsch Nopere Kastenwagen nennen.
Wat huet dann elo par rapport zum Virgänger changéiert ?
Ma de Berlingo gëtt méi modern. Di nei Generatioun ass e Cube op 4m 40. An der Längt bal nett gewuess, an awer wierkt de neie Fransous méi grouss. E chicen Glas Panoramadach dee vill Luucht an den Interieur bréngt gëtt et elo, d’Portes coulissantes bleiwen, awer elo kennen d’Fensteren och elo elektresch op an of beweegt ginn. Neierdéngs kann den Berlingo och elo als 7 Sëtzer bestallt ginn. E geet an d’Verlängerung wann ee sou well, e + vun 35 Zentimeter. Op 4m 75 dierften dierf een sech dann an deenen 3 Setzreien iwwer vill Beefraiheet freen. D’Carosserie wierkt och an der rallonge Versioun harmonesch.
Vun vir gläicht de Berlingo elo dem Modell Cactus. Citroën huet jo an de leschte Joren di ganz gamme moderniséiert. Bon iwwer Design kann een ëmmer diskutéieren. Déi berühmten Airbumps kommen och elo hei an den Asatz.
De Berlingo gëtt am Portugal an a Spuenien produzéiert, parallel zu senge Cousinen aus der PSA Famill, Peugeot Drifter an Opel Combo
Wat ass dann soss nach positiv oder och vläicht negativ opgefall?
Also den Berlingo vun der drëtter Generatioun huet deitlech u Fuerconfort zougeluegt. Passe déi Zäit wou et en Utilitaire mat Setzbänke wor. D’Sonorisatioun ass och verbessert ginn. En ass och elo nach méi polyvalent: Beispill di hënnescht dräi Setzer kennen eenzel verstallt an ëmgeluegt ginn. Den Intérieur weess elo ze iwwer zeechen.
Ok den haarde Plastik ass um Rendez-vous, mee vill faarweg Accenter suergen fir Pep. Och op de Setzer.
Schéin dass et mam Berlingo Série 3 och elo eng 8 Gang Automatik gëtt. Ganz agréabel wéi mir op deem dach ofwiesslungsraichen Parcours mat Autobunnpassagen, Stadverkéier an iwwerland erausfonnt hunn. A wann mir dann schonn vun der Groussregioun Paraïs schwëtzen, dee léiert esou eng automatesch Boîte séier ze schätzen. Mee wien dat nett well, oder nett investéiere well, deen dierf och schalten.
Wat gëtt als Minus notéiert?
Wat ech definitiv als Minus Punkt notéieren, dat sinn d’Sëtzer. Vill ze mell, a schon no 150 Kilometer hat deen heiten es genuch. Schued fir de Ludospace mat deem et jo op Aventure Reesen mat der Famill soll goen. An och d’Opléisung vum 8 Zoll Display kéint e besschen nogeschärft ginn.
De Baifuerer Airbag kennt elo aus dem Daachhimmel, deemno ass Plaz fir eng zweet Händsche Kescht.
Gutt Zensuren ginn et bei de Fuer Assistenz Systemer. 19 Stéck sin am Programm. Head Up Display, virum doudege Wenkel get gewarnt, vun selwen gebremst wann et brenzleg get,. A jo dat mam eegestännegen Aparken kann dee neie Berlingo och elo, an dain handy kann induktiv an der Mëttel Console oipgelueden ginn. Bei der Connectivity ass een och elo vir bäi.
De neie Berlingo bréngt Faarf an d’Spill?
Oui oui, och hei kann een elo sain Multispace individualiséieren. 8 Faarwen baussen, an drai Varianten bannenan. Wéi wier et dann mat Aqua Green, oder sandfuerweg?
A wat gëtt ënnert der Hauf gebueden?
En 3 Zylinder Diesel mat 130 PS, oder den 1200er Bensinner an 110 PS.. alles Moteuren déi sech schon an der PSA Gamme bewährt hunn, an sech moderat am Verbrauch weisen.
Am Hierscht kennt de Berlingo vun der drëtter Generatioun nan den Handel. Dat an de Versiounen: Start, Live, Feel an XTR. Citroën well tescht 17000 an nobai 29 000 Euro, an dann parkt den deitlech verbesserten Ludospace an der Garage….
Fotoen vun deem neien Citroën op der Présentatioun hu mir prett op www.auto.rtl.lu