Automag

Automag, 12/09/2018


Listen Later

Ford lancéiert eng komplett nei Generatioun vum Focus. Wat um kompakte Kölner wierklech nei ass a wat e besser kann, dat seet eis de Paul Origer.
Paul, et geet scho mam Design un!

Genee –awer kee Broch wéi deemols beim Wiessel vum Escort op déi éischt Generatioun vum Focus. Déi grouss Kalander an déi aggressiv geschnidde Luuchten sinn typesch, nei si säitlech déi ausgeprägte Falen iwwert de Radhaiser an hannen déi breet Réckluuchten wou nawell u Golf an nei A-Klass erënneren. Fuschnei och den Intérieur; den Tableau vum Virgänger war zerklüft an oniwwersiichtlech, deen neien ass ganz sober ausgefall. Manner Knäppercher an de grousse Bildschierm vum Sync-Multimediasystem wéi am Fiesta. Just d’Matière sinn net déi héichwäertegst an dee ville schwaarze Plastik gesäit dann awer e bessen traureg aus.

Fläit goufen d’Prioriéite anescht opgedeelt – op d’Plaz bannenan villäicht?
Dat kéint sinn, déi nei Plattform C2 versprëcht jo nët nëmme méi Stabilitéit mee och méi Raum. Vir trëfft dat och zou, hei ass genuch Loft no alle Säiten a Plaz fir méng Been, hanne bleift et éischter duerchschnëttlech, och d’Mall ass mat 375 Liter kee Wonnerwierk. De knapp 30 cm méi laange Kombi mecht dat scho besser; 608 Liter schléckt hien, extra goufen hei d’Amortisseure geréckelt fir och méi breedem Gepäck Plaz ze maan.

De Ford Focus hat emmer een As am Arm, dat war de Spaass um Fueren – bleift dat nach emmer séng grouss Kalitéit?
Absolut, och bei der 4. Generatioun war d’Fuerdynamik nees éischt Prioritéit. An d’Resultat ass do: Rare hat ech mat engem kompakten Auto esou vill Fuerspaass; de Focus läit immens gutt, reagéiert handlech a viif, séng Steierung bidd genee de richtege Feedback an déi richteg Präzisioun. Op de Landstroossen vun der Côte d’Azur hat ech op jidde Fall mäi Furri. An dat ouni knëppelhaart ze fiederen. Au contraire, e rullt dank der ofgekoppelter hënneschter Achs nach méi roueg of a léisst sech elo och mat engem variable Fuerwierk bestellen.

An ënnert dem Capot gouf de Spaass net verduerwen?
Bon, d’Bensinner hunn elo just nach 3 Zylinder, an déi gëtt et esouguer mat Zylinderofschaltung fir manner Duuscht. An der Topversioun, dem Ecoboost mat 182 PS aus 1500 Kubik geet de Focus richteg gutt, e wëll awer och gedréit a geschalt ginn wann et soll sportlech virugoen. Déi versprache 5,5 Liter Verbrauch sinn dann natirlech net ze réaliséieren. Méi spuersam ass do deen neien Diesel, de 1500er Ecoblue, iwweregens nach mat 4 Zylinder. Déi gefueren 120-PS-Versioun a Kombinatioun mat der neier 8-Gang-Wandlerautomatik huet gutt bei de Focus gepasst; den Diesel leeft relativ roueg, trëtt just net grad esou spontan un, geet leeschtungsméisseg awer duer. D’Automatik huet mer och gefall, si schalt douce a réagéiert gutt, do huet Ford gutt dru gedoen, déi ruckeleg Powershift op d’Schëff ze schécken. Bei de manuelle Boîte gëtt et net vill ze soen, méi kuerz Schaltwee’er géing ech mer hei awer nach wënschen. A wa mer iwweregens bei der Technik sinn, och d’elektronesch Gimmicks goufen erweidert; den Tempomat regelt elo den Ofstand selwer a ka Stop and Go, Head Up Display, LED Pharen a villes méi sinn elo am Focus ze kréien.

An e bleift bezuelbar?
Am Verglach mat der Konkurrenz secher; bei eppes iwwer 18.000 Euro geet et lass, gutt équipéiert als Titanium leie mer mat Bensinn an Automatik bei ronn 27.400 Euro, de Kombi kascht en Dausender méi.

An du hues eis nees vill Fotoe vum neie Focus matbruecht - ze fanne sinn déi genee wéi d'Präisser vun alle Versiounen op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners