Automag

Automag, 13/02/2019


Listen Later

Wien Porsche seet, deen denkt 911. Schonn iwwer 50 Joer ass de Sportswon eng Ikon fir d’Mark aus Zuffenhausen. Elo start den 911 an déi 8. Generatioun an de Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Valencia derbäi.
Paul, den 911 schéngt sech awer net vill verännert ze hunn?
Dat ass och den Haptpunkt am Cahier de Charges; e Porsche 911 muss emmer als solchen ze erkenne sinn an dat ass och bei der neier Baureih 992 esou. Déi typesch Silhouette mat der Porsche-Flyline, also d’Linn déi hannen erofgeet, dann déi héich Schutzblecher vir mat de ronne Luuchten an déi breet Baken hannen: esou muss en 911 ausgesinn. Wat e besse geännert huet, dat ass d’Breet déi méi betount gett, virun allem awer den immens soberen Henneschten mat enger breeder Luuchtesträif an dem Loftgitter am Stil vun den Urmodeller.

Also och e bësse retro?
Genee an dat fannen ech richteg gutt. Besonnesch bannen dominéieren nees wéi bei der éischter Generatioun 5 Instrumenter - deels digital op zwee 7-Zoll Ecranen, an der Mett awer erem de schéine groussen an - Merci Porsche - analogen Tourenzähler. Och de Räscht vum Tableau geet op séng Wuerzelen zeréck, ass net méi vertikal mee nees horizontal opgebaut an huet vill manner Tasten a Knäppercher. Quasi selbstverständlech dat d’Verarbechtung op héchstem Niveau läit, déi 2 bausseg Displays sinn awer deels hannert dem Steier verstoppt an net esou gutt ofzeliesen.

Den 911 ass jo mat all Generatioun gewuess - elo och erëm?
Nee, glécklecherweis net an et war jo och net néideg well Plaz huet een emmer nach genuch. Eenzeg d’Spuer gouf méi breet, déi hennescht Rieder si lo een Zoll méi grouss wéi vir a fir de Plus un Equipementer ze kompenséiere koum méi Aluminium bei der Karosserie an den Asaz.

Dat kléngt jo scho ganz gutt - ech ka mer virstellen, du hues ongedelleg op d’Testfahrt gewaart!
Awer esou eppes vun! Ech hat schonn dat grousst Gléck déi zwou lescht Generatiounen, den 997 an den 991 ze fueren a war all Kéiers begeeschtert. Den 992 setzt nach een drop. Bon, déi nei Diergreffer déi automatesch ausfuere si fir mech éischter Spillerei, dofir passen déi nei Setzer bannena perfekt. D’Motore sinn eng Weiderentwécklung vun den Turboboxer vum Virgänger, am S leescht de 6-Zylinder elo 30 PS an 30 Nm méi. Dat heescht am ganze 450 wou ech mech froen ob en iwwerhapt nach méi brauch. En Tratt op d’Gaspedal gett 1 zu 1 emgesat, den 911 zitt fort wéi een Jet, de Boxer kléngt dobäi wéi e soll an dréint ganz turbo-ontypesch och gär mol bis 7500 Touren. Déi komplett nei 8-Gang-PDK konnt dat ganzt nach just kréinen. Nach ni hat ech eng automatesch Boite déi méng Gedanke esou gutt liese konnt. An de Bierger ronderem Valencia hat se emmer de richtege Gang parat, dat ultraséier an ouni Geruckels - grousse Respekt un d’Porsche-Ingenieuren.

Paul, du bass begeeschtert?
A wéi. An och bei der Stroosselag hält et net op; Grip an Traktioun leien um Topniveau, d’Steierung genee no méngem Gout: en herrlech klengt Steierrad, direkt, net ze liicht a mat guddem Feedback. A fir dat näischt schief geet setzen déi elektronesch Schutzengelen diskret am Hannergrond.

Kuerz zesummegefaasst - en Dramauto!

Genee esou ass et. Leider och zu engem Drampräis; sechsstelleg geet et un: 118.615,77 Euro fir de Carrera S sinn de Moment de Minimum a gaaaaaaanz vill Loft no uewen wann ee sech bei den Optiounen défouléiert!

A weider dreeme däerf ee beim Paul senge Fotoen. Déi, an d’Präisser vum neien 911er fannt der op auto.rtl.lu.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners