Automag

Automag, 14/03/2018


Listen Later

Dat SUV boomen wësse mer alleguer, am VW-Groupe hu se deen Trend natirlech och erkannt.
Kloer an dofir bitt esou gutt wéi all Mark vum grousse Volkswagen-Konzern an all Klass een SUV un. Den Trick dobäi heescht MQB – modularer Querbaukasten; eng Plattform fir vill verschidde Modeller déi sech emmer erem upasse léisst. Natirlech spuert dat enorm Käschten an erfëllt direkt vill Zwecker beieneen.

An déi global Plattform gëtt et dann a verschiddene Gréissten?

Jo, ugefaang bei der MGB-A0, dat ass déi klengst op déier och VW Polo a Seat Ibiza stinn. Déi éischt SUV’en déi dorop opbauen sinn de Seat Arona an den Audi Q2. E Krack méi spéit zitt de VW T-Cross no, de SUV-Brudder vum Polo wäert nach dëst Joer virgestallt ginn. D’A0-Basis notzt Audi gläich zweemol, nierft dem Q2 steet och den nächste Q3 op dëser technescher Basis. Feelt nach just Skoda; den Numm ass nach net festgeluecht, et gëtt gemunkelt dat dee klengen Offroad-Tschech kéint Polar heeschen. 2019 soll e kommen a wahrscheinlech d’Kombiversioun vum Fabia ersetzen.

Déi kleng SUV’en sinn also grouss am Kommen! Wou et awer nach emmer fluppt, dat ass an der Kompaktklass?
Absolut; Seat Ateca, Skoda Karoq oder deen nach zimlech rezente VW T-Roq hunn all eppes gemeinsam: d’Plattform MQB-A1. Woura se sech ennerscheeden sinn natirlech déi technesch Detailer; Allrad oder nëmme virgedriwwen, DSG oder Manuell, staark oder méi kleng Motorisatiounen. Eng Stuf oder eng Gréisst driwwer si mer dann bei A2. Dës Basis déngt dem VW Tiguan an dem Skoda Kodiaq. An et wäert och net méi allzelaang daueren bis Seat hire grousse SUV présentéiert, allerdéngs muss nach een Numm dofir fonnt ginn.

An och hei ginn et nach emol verschidde Gréissten, wéi däin Testauto weist?
Richteg, déi Plattformen lossen sech nach emol op déi verschidde Besoinen upassen. Stechwuert Tiguan. Fir verschidde Marché’en ass deen awer ze kleng a fir dem Skoda Kodiaq d’Feld net ganz aleng ze iwwerlossen huet VW de grousse Brudder Tiguan Allspace nogeschéckt. Am Verglach mat der Normal-Versioun streckt sech de Radstand em 11 cm, de ganzen Auto ass nach emol 22 cm méi laang, am Total 4,70 m. Dovunner profitéieren engersäits déi hënnescht Passagéier duerch e gudde Batz méi Beefräiheet an och d’Gepäck; den Tiguan Allspace schléckt elo 730 Liter, dat ass e Plus vun 115.

Also nëmme Virdeeler bei der XL-Versioun vum Tiguan?
Net ganz. Den Allspace kann ee fir knapp 800 Euro Oppräis och als 7-Sëtzer kréien, déi zwou ganz hënnescht Plaze sinn awer wierklech nëmme klenge Kanner ze recommandéieren. Brauch een dat, da soll een sech bäimaachen a fläit besser ee Sharan kafen esoulaang VW dee produzéiert. E klengen Nodeel sinn och déi verlängert hënnescht Dieren; besonnesch an enke Parkplaze froen ech mech wéi een do säi Kand aus dem Kannersetz gehuewe kritt ouni dem Noper dat grousst Portal widdert de Blech ze técken. Mee domat wier schon ausgemeckert well besonnesch beim Fuere spillt den Tiguan Allspace séng Assen all aus. Nom Prinzip “Länge läuft” läit den Allspace nach e Stéck méi roueg op der Strooss a mécht laang Strecke zum stressfräie Genoss. Fir de Räscht ass et den typesche VW-Feeling; perfekt verschafft an duerchduecht mee iergendwéi schonn erem langweileg. Och fuertechnesch ass dem Tiguan Allspace näischt unzekräiden; mam 150-PS-TDI kënnt ee scho gutt vun der Plaz, en harmonéiert gutt mat der DSG, ass just heiansdo akustesch ze präsent.

Da lount sech awer den Oppräis zum normalen Tiguan? Wou start den Allspace dann?
Den Oppräis fällt relativ grouss aus wëll den Tiguan am XL just als Highline ze kréien ass. Mindestens 45.000 Euro muss ee fir den 150 PS-TDI arechnen, dat ass eng Differenz vu 7000 Euro. Kuckt ee beim Skoda-Brudder Kodiaq an d’Präislëschten, da kritt ee fir 2000 Euro manner schonn d’Topversioun Scout mam groussen Diesel, Allrad an DSG. Op engem de VW-Badge dann awer esouvill wäert ass?

A wann der ierch dem Paul séng Fotoen oder d’Präislëschten vum neien Tiguan Allspace ukucke wëllt, da klickt ierch eran op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners