Automag

Automag, 16/01/2019


Listen Later

Genee 50 Joer sinn et hir dat den Action-Krimi “Bullitt” iwwert d’Kino’s-Leinwänn geflimmert ass. Op d’mannst esou berühmt wéi den Haaptacteur Steve McQueen war awer och den offiziellen Déngschtauto, e Mustang Fastback vun 1968 dee bei de Verfolgungsjuegten duerch San Francisco huet missen duerhalen. De 50te Gebuertsdag ass fir Ford déi bescht Geleeënheet de Bullitt-Mustang nei opzeleeën.
Paul, a Ford huet sech mat de Jubilaren!
Jo, esou kann een et och gesinn well et ass och 10 Joer hier dat et dee läschte Mustang Bullitt gouf. Abee och hei gouf op déi typesch Bullitt-Elementer Wäert geluecht. Ugefaang mat der Faarf Dark Highland Green, déi schwaarz 5-Arm-Felgen mat roudw Bremszaange vu Brembo an ee komplett schwaarze Grill deen op ee Logo verzicht. Dofir gëtt et dat typescht Bullitt-Fadenkreuz hannen um Mallendeckel.
An ech huelen un, och bannen ennerscheed sech de Bullitt vu sénge “brave” Bridder?
Jo, wann och e bësse méi diskret; d’Steierrad an eng wäiss Billardskugel als Schaltknauf falen direkt an d’A, déi gréng Bitzereien um Tableau an op de Sëtzer gesäit ee réischt op den zweete Bléck. An de Bäifuerer kuckt op eng speziell Plakett déi all Bullitt-Mustang numeréiert.

Wéi ass et mat der Technik? Ginn et hei och Ënnerscheeder?
Jo, dee gréisste fanne mer wuel beim Motor selwer; de 5-Liter-V8 krut duerch klasseschen Tuning 14 Päerdercher bäi. An et gëtt just déi manuell Boîte, dofir hëlleft d’Elektronik elo beim Zeréckschalten mat automateschem Tëschegas. E flotte Gimmick dee gutt fonctionnéiert an déi schonn immens agréabel 6-Gang-Boîte nach méi schmackhaft mécht.

Elo si mer natirlech firwetzeg; wéi fiert sech de Bullitt dann?
Ech ka just soen – ouni e jemols gesinn ze hunn – mee ech stelle mer dem Steve McQueen säin 68er Mustang am Film genee esou vir. An do geet e ganz grousse Verdéngscht un déi nei Klappenauspuffanlag; de Sound ass wierklech dat allerbäscht. Besonnesch beim Kalstart léisst de Bullitt e richtegt Donnerwieder lass, am Sport- oder Rennstreckemodus kriss de déi komplett Palett; vum typesch déiwe V8 Blubbere begleet vum Schnorchele duerch deen oppene Loftfilter bis bei brachiale Staccato. En plus dréint de V8 elo nach méi héich, wann et muss sinn bis 7500 Touren. An héich Dréihzuele brauch en och; engersäits sinn d’Gäng zimlech laang iwwersat an enner 3000 Touren ass de 5-Liter nach net wakreg. Awer sou oder esou absolute Suchtpotential. Ouni säi Chauffer zevill an de Stress ze bréngen; d’Stroosselaach ass erstaunlech guttmiddeg, d’Optioun vun de verstellbaren Amortisseuren MagneRide misst ech net hunn, perfekt gelong ass d’Steierung mat top Feedback a Stroossekontakt. An esouguer Laangstreckekalitéiten huet de Bullitt och; just déi optional Recaro halen dech fest wéi e Schraufstack a si mer op Dauer ze enk, d’Sëtzpositioun awer dofir optimal, d’Fuergeräischer hale sech erstaunlech zeréck. An alles wat d’Liewe méi agréabel mecht, ass am Mustang dran, neierdéngs och Assistenzsystemer.

Eng exklusiv Série – déi an d’Geld schléit?
Bon, 7000 Euro muss ee fir de Bullit méi op den Dësch leen wéi fir ee GT – 52.000 Euro am Total sinn awer nach emmer en Top Präisleeschtungsverhältnis ouni Konkurrenz. Do verkraaft een och de Verbrauch vun nach raisonnablen 11 – 13 Liter. Exklusiv bleift de Bullitt duerch séng limitéiert Stéckzuelen a festgeluechte Bestellperioden. Fir Fans e Must, mir géing de GT am Fong och schonn duer. Mee wéi sot e Confrère vun der auto, motor und sport a séngem Artikel iwwert de Bullitt: en onerschütterleche Bensinns-Optimist am Zäitalter vum Elektro-Pessimismus.

A Fotoe vum Mustang Bullitt huet de Paul och nees matbruecht - ze fanne sinn déi genee wéi d'Präisser vun alle Versiounen op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners