Paul, et ass bestëmmt schwéier vun engem Bestseller d’Nofolleg unzetrieden?
Op jidde Fall, an dat no weltweit méi wéi 750.000 verkaften Exemplairen an domat deem erfollegräichste Volvo vun der Welt. Kee Wonner dat déi éischt Generatioun vum XC60 bal 9 Joer um Marché war.
Et kéint ee bal mengen dat Volvo sech net getraut huet, een Nofolger ze bauen?
Et koum scho bal esou riwwer. Mee si konnte jo mam grousse Brudder XC90 schonn emol taaschten ob deen neie Volvo-Design gutt ukënnt an deen huet jo bekanntlech ageschloe wéi eng Bomm. An esou geet et och dem neien XC60 wëll Volvo huet tatsächlech de Moment eng glécklech Hand; hire Vertrieder an der kompakter Premium-SUV-Klass ass nees e richtege Beau; gutt proportionéiert, typesche Volvo-Design mam Grill an de Luuchte mat Dages-LED an T-Form an och vun hannen scho vu wäitem ze erkennen mat der bekannter Taille an de Luuchten déi bis an den Daach wuessen. Dat ganzt ass sober, edel – je einfach gelong.
Ech huelen un, beim Intérieur geet et esou virun?
Absolut; hei gesäit den XC60 fir mech nach besser an nach méi edel aus wéi de groussen 90er – Den Design strahlt eng immens Klass aus, dozou Holz wat sech wéi Holz ufillt, alles wéi aus dem Volle gefräst a fir d’Éiwegkeet gebaut – am Fong esou wéi fréiher. D’Knäppercher huet Volvo wéi bei deenen anere Modeller drastesch reduzéiert a steiert elo alles iwwert dee groussen Touchscreen am Héichformat. Dee stellt alles messerscharf an héich opgeléist duer, allerdéngs ass d’Bedéngen net optimal. Dacks hunn ech missen a komesch verschachtelten Ennermenue sichen fir eppes ze fannen. Zum Beispill hunn ech den automatesche Wischer réischt de läschten Dag aktivéiert kritt, de Compteur op 0 setzen huet sensationnell 15 Minutte gebraucht. Ausserdem hunn ech verschidde Lidder op méngem USB-Stick einfach net eremfonnt. Dofir kann een awer den Ofstandstempomat ofschalten an den Design vun den Instrumenter op säi Gusto astellen. Typesch Volvo a gemaach fir vill stressfräi Kilometer sinn déi exzellent Sëtzer déi bequem sinn an trotzdem gudde Säitenhalt bidden. Mat der neier Plattform gewënnt de Banneraum dann och u Plaz. Idem fir d’Mall, leider muss een SUV-typesch alles méi héich hiewen.
Also éischter op Confort a Wellness ausgeluecht?
Absolut, Rouh, Sëcherheet a Gebuergenheet – dat ass de Credo vum XC60. Besonnesch elo mat der Loftfiederung déi zwar nach straff awer vill méi confortabel schlecht Stroosse meeschtert an op Knappdrock an zackege Kéieren awer d’Fassong net verléiert. E klenge Bemol ass d’Motoregeräich vum 4-Zylinder-Diesel an eiser Testversioun D4 – se hu en zwar gutt no bannen ewechgedämmt, mee bausse rabbelt dat nawell ziemlech net-Premium-like. Op dëser Plaz kräischen ech dann awer dem gudden ale 5-Zylinder no. U Leeschtung feelt et dofir net, 190 PS a 400 Nm huelen se aus dem 2-Liter an domat ginn déi 2 Tonne richteg gutt virun. Och d’8-Gang Automatik huet hire Match gutt gemaach, heiansdo hat se awer Krämpes déi richteg Zännrieder ze fannen wat se dann mat Ruckele quittéiert huet. Och huet enner Vollascht bei Asaz vum Allrad den Auto relativ staark vibréiert. An, vill Gewiicht an en héighe Gabarit, dat brauch Sprit; 8,2 Liter hat ech no 750 Testkilometer an der Moyenne. Dat ass net nëmme Liichtjoere vun der Wierksdonnée ewech, mee och net vill manner wéi de gudden ale 5-Zylinder.
Ech denken dat hënnert Volvo awer net drun mam neien XC60 erem vill Suen ze verdéngen?
Nee, ech denken net, trotz deene klenge Schwächten. 46.000 Euro si minimum fir den D4 fälleg, verglach mat BMW a Mercedes ass den XC60 dann esouguer nach gënschteg. Mat Automatik an e puer flotten Optiounen sinn déi 60.000 dann och net méi wäit. Mee wéi gesot, ze stéiere schéngt dat net, zenter séngem Lancement verkeeft sech den XC60 wéi verréckt.
An dem Paul séng Fotoe grad ewéi d’Präisser vum neie Volvo XC60 ginn et natirlech och, ze fannen op auto.rtl.lu