Paul, de ProCeed war jo soss emmer déi méi sportlech ugehauchte Versioun mat 3 Dieren, dat ass awer elo net méi esou?
Nee, d’Segment vun den 3-dierege Kompakten ass an de leschte Jore massiv agebrach. Zougeholl huet awer de Kombi. De But vu Kia war et mat der dretter Karosserie eppes extras an de Programm ze kréien, ähnlech wéi mam Kia Stinger. An dofir goufe Coupé a Kombi gekräizt - Resultat ass ee Shooting Brake. An dobäi och nach deen eenzegen a sénger Kategorie wa mer vum heemleche Virbild, dem Mercedes CLA Shooting Brake emol ofgesinn. Dee klasséiert sech nämlech bei de Premium Kompakten.
Also éischter en Auto mat ästhetescher Vokatioun?
Esou kanns de et och nennen. An et ass Kia no och dat, wat hir Clienten wellen. De ProCeed ass och wierklech chic, am beschte vun der Säit a vun hannen, engersäits duerch dat breed Luuchteband um Mallendeckel, virun allem awer wéngt der duerchgezunnener Daachlinn am Coupé-Stil. Ouni dat engem bannen de Plafong op de Kapp fält - esouguer mat 2 Meter setzt et sech hanne wéi vir gutt esoulaang kee Panoramadaach verbaut ass. Eenzeg de Foussraum an der zweeter Reih ass e besse knapp. Och bei der Iwwersiicht muss de sexy Kia Plomme loossen; no hannen eraus ass d’Vue net terribel, d’Réckfuerkamera ass also net vu Muttwell. Idem beim Gepäck wou ee muss Kompromesser agoen; zwar schléckt de ProCeed uerdentlech 594 Liter an domat 100 méi wéi den CLA, dee schiefen Deckel erlabt awer keng besonnesch héich Gepäckstécker.
Woumat mer nees bei der Vokatioun wieren: vläicht wëll oder soll de ProCeed-Fuerer jo och keng Wäschmaschinn transportéieren?
Genee dat koum och esou vu Kia eriwwer. De ProCeed soll virun allem schéin unzekucke sinn a Spaass beim Fuere maachen; dofir läit hee scho mol zimlech déif, als GT nach emol 10 mm manner a gett just mat staarke Motore geliwwert. An der Topversioun GT ass dat de 1600er Turbo mat 204 PS. Eng dréihfreedeg Maschinn, am Sport-Modus och richteg potent, just deen elektronesch gepimpten Auspuffsound misst net sinn. Déi manuell 6-Gang-Boite ass knackeg a liichtgängeg mee de Summum ass d’Fuerwierk. De Shooting Brake läit sat a sécher, follegt op all Kommando ouni de Popometer a Panik ze versetzen. Kee Wonner, dee selwechten Ingenieur deen de Hyundai i30N ofgestemmt huet, huet sech och em de ProCeed gekemmert an och desen iwwert d’Nordschleife an d’Äifeler Landstroosse gejot. Virun allem d’Steierung ass matdeelsam a schéin direkt - eng Top-Spaassmaschinn déi ech mer net erwaart hätt. Just d’Setzpositioun ass mer ze héich an den intérieur mat vill schwaarzem Plastik e bessen trist.
Also ee gudde Score fir de ProCeed deen dem Mercedes CLA wëll Paroli bidden. Kann hien dat dann?
Präislech schonn emol sécher. Bei ronn 29.000 start de ProCeed als GT Line mat 120 PS an uerdentlech ausstafféiert - dee scho gutt motoriséierten 1.4 Turbo ass mat 140 Päerd déi gelle Mett a kascht just en Dausender méi. Spille Sue keng Roll, da kraatzt de GT a vollem Ornat un der 40.000er Marque. Fir deen Tarif feelt dann awer e bessen de Premium-Androck bannenan. Ob engem dat egal oder déi 1000 Euro Supplément zum Kombi derwäert ass, muss ee selwer décidéieren. No’m Stinger ass et fir mech op jidde Fall dee schéinste Koreaner dee bis elo lancéiert gouf an eng wellkomm Alternativ zum SUV-Hype.
An ze kucke gett et den neue Kia ProCeed natirlech och. Dem Paul séng Fotoe an d’Präisser fannt der op auto.rtl.lu.