Paul, effektiv hat Ford relativ séier op dësen Trend réagéiert?
Dat ass richteg, den Ecosport gouf et am Fong a Latäinamerika scho méi laang, deen aktuelle Modell kënnt zum Deel aus brasilianescher an indëscher Produktioun a gouf 2012 lancéiert. Mat e bësse Startschwieregkeeten; nierft den ongenügende Produktiounskapazitéiten koum de Look net esou gutt un, besonnesch dat baussen ugepechte Reserverad an déi bëssen zevill lax Veraarbechtung waren net grad attraktiv.
Also war de Facelift néideg?
Op jidde Fall, och wann tëschenduerch schonn e puer Saache verbessert goufen wéi eben dat ellent Reservrad wat herno nëmmen nach optional ze kréie war. Mee elo gouf den Ecosport grëndlech renovéiert an dat hu se och gutt hikritt. Bon, en ass vun der Form hir nach ëmmer net déi Beauté, mee zemols déi nei Front mat neie Pare-Choc’en, nëmmen nach enger grousser Kalander a vergréisserte Luuchten gläicht elo méi dem Kuga an dat steet em gutt. Besonnesch an der ST-Line-Versioun mat e bësse Gespoilers an dem Daach a Kontrastfaarf gesäit dat scho flott aus. Hannen ass zimlech alles d’selwecht bliwwen, just en neie Pare-Choc bréngt e bësse méi Form eran. Wat e leider och behalen huet, dat ass de Mallendeckel oder soe mer éischter d’Gepäckportal; dat ass nämlech wéi virdrun nach ëmmer lénks ugeschloen a geet op wéi eng grouss Scheierpaart – a genee esouvill Plaz brauch se och, nämlech mindestens annerhallwe Meter. Ford hätt do misse gréisser un de Blech schnëppele goen fir dat ëmzeänneren, mee wann ee vill an dacks muss hannen erantesselen, da kann dat schonn nerven.
Et gouf jo vill Kritik un der Veraarbechtung – huet Ford do réagéiert?
Jo, effektiv huet beim Virgänger den haarde Plastik dominéiert. Elo profitéiert den Ecosport dovun dat en an Europa gebaut gëtt a sech um neie Fiesta inspiréiert; den ënneschte Beräich vum Tableau ass zwar nach emmer keen Handschmeichler, mee ueweneriwwer fillt sech dat elo scho vill besser un, d’Zuel vun de Knäppercher gouf drastesch reduzéiert a vum Plattformbrudder kommen dann och déi flott gemaachten Instrumenter an dee groussen Touchscreen vum Sync3-Infotainment-System. An do gëtt et näischt ze meckeren, fläit steet den Touchscreen e bëssen ze riicht, ass awer esou och gutt am Bléckfeld a léisst sech dank groussen Ikonen och ouni Problem bedéngen.
Vill Fiesta am Ecosport inspiréiert – mierkt een dat och beim Fueren?
Erstaunlech vill, jo! Bon, ugefaang beim groussen Ennerscheed; d’Sëtzpositioun ass natierlech SUV-typesch eng Etage driwwer an dat och wierklech op enger ganz agréabeler Héicht. Mee esoubal een domat fiert, da spiert een déi typesch Ford-Atouten: eng schéin direkt Steierung mat vill Feedback, eng straff mee net onconfortabel Fiederung a fir een SUV eng erstaunlech sportlech Stroosselag! Och Fuergeräischer hale sech schéin zeréck, just bei méi héighe Vitesse rumouert et liicht. Dat bescht Stéck um Testauto war awer de Motor. D’Topmotorisatioun, den 3-Zylinder-Ecoboost-Bensinner war e richtege Pleséier; mat 140 PS ass e staark ënnerwee, gefällt mat Dréihfreed an hänkt gutt um Gas! Iwweregens hu se gespuert oder einfach vergiess de Motor vun ënnen ze verkleeden; op jidde Fall ass deen Waasser, Dreck a Streesalz komplett ausgesat. Stechwuert Allrad; déi Optioun gëtt et bei de Bensinner net, eisen Test-Ecosport hat trotzdem keng Traktiounsproblemer. Beim Verbrauch heescht et och éischter Sport wéi Eco; no ronn 350 km éischter iwwer wéi ënner 8 Liter. Dozou muss ech awer och soen dat déi Kombinatioun aus viivem 3-Zylinder, knackeger Boîte a gudder Stroosselag mech nawell dacks gekëddelt huet den Ecosport esou richteg mam Ouer ze huelen.
Also kee schlechte Bilan fir dee klenge Ford-SUV – och präislech?
Bon, anescht wéi erwaart ass et kee Schnäppchen. Mat tëscht ronn 18.000 a 26.000 Euro läit e genee am Feld vun der Konkurrenz. Dofir kritt ee fläit net dee schéinsten, mee e geraimege klenge SUV dee vill Fuerspaass bréngt. Allerdéngs kann dee spärege Mallendeckel och e Killerargument sinn.
A wann der wëllt Fotoen an déi komplett Präislëschte vum neie Ford Ecosport kucken, klickt ierch eran op auto.rtl.lu