Automag

Automag, 24/10/2018


Listen Later

Am Automag kucke mer eis haut e Familljewon un, an dofir ass den Andy Brücker bei eis am Studio. Hie war op Invitatioun vun Opel bis op Bréissel gefuer, fir sech déi neiste Generatioun vum „Opel Combo“ unzekucken.
Jo gudde Moien… fir méi genee ze sinn, schwätze mer iwwert den Opel Combo Life. De Life ass an dësem Fall déi Variant vum Combo, déi als Familljenauto geduecht ass. Den einfache Combo ass en Utilitaire mat Luedefläch, amplaz vu Sëtzplazen. 
Wat ass dee Combo Life da fir en Auto, fir déi déi sech näischt drënner virstelle kënnen?
Majo vergläiche kann een e mam Citroën Berlingo oder dem Ford Tourneo Connect … also e Famillje-Van oder Héich-Daach-Kombi. Et ass ob alle Fall en Auto… e richtegen Auto… an net eng kleng ëmgebaute Camionnette. Ech muss soen, ech war richteg iwwerrascht, wou ech en déi éischte Kéier gesinn hunn… an nach méi iwwerrascht war ech vun der Veraarbechtung a vun de sëlleche Featuren, déi scho serieméisseg am Combo Life verbaut sinn. Well et e Won ass, dee vrun allem d’Famillen usprieche soll, gëtt d’Sécherheet och ganz grouss geschriwwen.  Sou huet en z.B. serieméisseg de Safety+Pack mat Kollisiounswarner, Line-Assist oder och nach dem System, deen d’Verkéierszeechen erkennt an engem seet wann een ze séier ënnerwee ass.
Als Optioune kritt een ënnert anerem nach en Head-Up Display, dee wierklech gutt funktionéiert, oder eng 180° Bird-View Kamera, déi beim Parke ganz praktesch ass… alles an allem ginn et 19 där Hëllefssystemer fir de Combo Life.

Du schwätz dat „praktescht“ un… wéi praktesch ass de Combo Life dann am Alldag?
De Combo gëtt et jo lo schonn an der 5. Generatioun an do huet sech wierklech vill gedoen an d’Leit bei Opel hu sech vill Gedanke gemaach. Sou ginn et z.B. ganzer 28 Oflagen am Auto… jo 28… vun duebeler Händchekëscht, iwwert eng Mëttelkonsol wou een zwou 1,5 Liter-Fläschen dra kritt bis hin zu enger grousser Oflag ënnert dem Plafong, fir d’Passagéier hannendran. 
Et gëtt de Combo Life an 2 Längten… déi normal Variant huet knapp 600 bis 2126 Liter Volumen an der Mall.
Déi laang Variant huet souguer 850 bis 2693 Liter Volumen… do kann een da souguer Material bis 3 Meter Längt hannendra leeën, wann een d’Sëtzer all ëmleet.
E praktesche Feature ass bei der Mall iwwregens och nach, dass ee bei Bedarf just d’Fënster vu der Mall kann opmaachen. Dat kann hëllefen wann een iergendwou hannen ze no geparkt huet.

Du sees den Auto wier virun allem och fir Famille geduecht… wéi ass et da fir Groussfamillen?
Majo ech denken och do kann e punkten, well en huet z.B. op béide Säiten eng Schiebedier fir einfach eran an erauszekommen. 
Eppes wat Famille mat 3 klenge Kanner freeë wäert… jo et kritt een 3 Kannersëtzer mat Isofix-System niefteneen op déi 3 Sëtzer hannendran. Dat huet Opel dann och bei der Presentatioun ervirgehuewen an demonstréiert. Et kritt een de Combo Life jo och an der XL-Versioun, an do kritt een dann nach zwou zoustätzlech Sëtzplazen an der 3. Rei… also e vollwäertege 7-Sëtzer.

Wann ee mat 7 Leit ënnerwee ass, da muss jo awer och de Motor dat ganzt virubrénge kënnen. Wéi ass een dann do beim Combo Life opgestallt?
Et kritt een en am Bensinner oder am Diesel… de Bensinner ass en 1200er Turbo mat 110 Päerd. Dee kritt ee just mat enger manueller 6-Gang-Boite.  
Am Diesel huet een e bësse méi Choix… hei kënnt en 1500 Turbodiesel an den Asaz mat 75, 102 oder 131 PS. Bei der 75 oder 102 PS Variant kritt een eng manuell 5-Gang Boite…  Hëlt een awer den 131 PS Motor, da kann ee wielen tëscht enger 6-Gang manueller Boite, oder souguer enger 8-Gang Automatik.

Wou leie mer da präislech?
Lass geet et beim klenge Bensinner an der Confort-Ausstattung mat 17‘405 €. Beim Diesel geet et bei 19‘774 € un.  
Bei der stäerkster Motoriséierung mat 8-Gang-Automatik an der Innovation-Ausstattung leie mer da bei bal 27‘000 Euro, woufir een awer immens vill Auto a Plaz fir seng Sue kritt.
Fir sech elo e Bild vum Combo a vum Combo Life ze maachen, surft laanscht op rtl.lu, do fannt der e sëlleche Fotoen. Do kënnt dir den Automag vun haut dann och nachemol nolauschteren.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners