Automag

Automag, 25/04/2018


Listen Later

Volvo start voll duerch – no XC90 an XC60 kënnt elo mam XC40 deen drëtte SUV an de Programm!
An domat beweise si eng glécklech Hand wëll de Moment sinn déi grouss SUV’e manner en vogue, dofir boomt et awer am Segment vun de Premium-Kompakten. An déi Kategorie huet jo de Range Rover Evoque virun enger Parti Joeren opgemaach, Jaguar ass mam E-Pace nogezunn an elo dann och Volvo.

A Volvo huet jo designméisseg bis elo emmer an d’Schwaarzt getraff oder ass den neien XC40 just ee geschrumpften 90 oder 60?
Ma nee, dat huet mech och iwwerrascht. De Baby-SUV an der Volvo-Gamme huet säi ganz eegene Charakter an deen ass effektiv och erem immens gutt geroden. Nierft den typesche Volvo-Attributer wéi Grill, Pharen oder Réckluuchten ass exklusiv XC40 déi massiv C-Sail déi schonn an der hënneschter Dier ufänkt an zesumme mat de grousse Rieder deem ganzen Auto eppes Onverwüstleches gëtt oder de schwedesche Fändel dee vir iwwert dem Schutzblech erausluust. An trotz 20 cm manner wéi den XC60 ass den XC40 net kleng. Dovunner profitéiert d’Handlechkeet an d’Sich no enger Parkplaz ouni beim Banneraum musse grouss Ofstrëcher ze maan; au Contraire; et sëtzt ee richteg gutt, vir ass masseg Plaz an hanne gëtt et esouguer mat mir hannert dem Steier och nach emmer genuch Been a Kappfräiheet. Just de Foussraum ass e bëssen enk.

Also gëtt dee méi groussen XC60 scho bal iwwerflësseg?
Losse mer soen, den XC40 kënnt séngem grousse Brudder geféierlech no. Wëll och a punkto Mall ass ee gutt zervéiert, op jidde Fall mol besser wéi beim Konkurrent Range Rover Evoque.

Also zu Recht an der Kategorie vun de Premium-Kompakten ennerwee?
Dat kann ee soen; Confort, Verarbechtung an Design banne wéi bausse spillen an der iewechter Liga. Mat allerdéngs e puer Schwächten; deen net esou premium-like haarde Plastik am ënneschte Beräich, den digitale Cockpit dee sech bei staarker Sonn bal net ofliese léisst, e puer Verkleedungen déi sech bei eisem Testauto geléist hunn oder deen am Fong flotte peppegen orangen Teppech deen no 6000 km schon zimlech ofgewetzt war. Soss passt eigentlech alles - Fueren a Bedéngen ass kee gréissere Problem; bis op e puer Schrullegkeeten wéi den Automatik-Wielhiewel wou ee muss zweemol tippe fir vum Réckgang an den Drive ze kommen an de P e separate Knäppchen huet – dat war soss emol méi einfach. Och de Multimediasystem mam groussen Touchscreen gesäit zwar flott auss, ass awer mat ze klenge Schaltflächen a komesch opgebaute Menuen net esou intuitiv a lenkt zevill vum Fueren of. Luew awer trotzdem fir den Navi deen ee via Sichfonktioun extrem séier programméiert kritt a fir de fulminanten Harman Kardon Soundsystem – e Genoss!

A beim Fueren?
Vu wege kleng a kompakt – den XC40 fiert wéi ee groussen. Engersäits duerch déi richteg gutt Sëtzer an déi gutt gelongen akustesch Isolatioun. An d’Motore kommen all vun de grousse Bridder; esou och de groussen Diesel D4 mat 190 PS, Allrad an 8-Gang-Automatik. Dës Motor-Boîte Kombinatioun huet mam 40er relativ liicht Spill – allerdéngs ass en och net iwwermotoriséiert, ronn 1700 Kilo sinn nawell e besse Speck op de Rëpper. Trotzdem fiert en handlech an agil, d’Steierung ass zwar ze liicht an d’Fiederung éischter op Confort getrimmt mee zackeg Kéiere fueren kritt den XC40 fir esou ee SUV nach ouni grouss Wankbewegungen awer hinn. Just déi grouss 20-Zoll-Schlappe vum Testwon polteren op schlechte Stroossen. An de Verbrauch ass mat gutt iwwer 8 Liter alles anescht wéi kompakt, läit esouguer um selwechte Level wéi de gréisseren XC60.

Mee een deen sech an den XC40 verléift huet, dee kuckt fläit doriwwer ewech?
Oder kënnt spéitstens beim Dekont erem op de Buedem zeréck. Theoretesch start den XC40 bei eppes enner 30.000 Euro. Dofir gëtt et weder Allrad, nach Automatik, nach all déi flott Häppecher wéi den Daach a Kontrastfuerf, Navi, Panorama, grouss Rieder. A villes, wéi z.B. och d’Fuerwen huet Volvo gewëtzt u verschidden Ausstattungslinne gekoppelt esou dat een eigentlech net ënner 45.000 Euro dervu kënnt. Schéinheet huet eben hire Präis.

An dovunner kënnt der ierch selwer iwwerzeegen - dem Paul séng Fotoe grad ewéi d’Präisser vum neie Volvo XC40 ginn et wéi emmer op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners